
De Fokus vun der Policekontroll e Freideg am spéiden Nomëtteg an Owend war haaptsächlech, ob sech un d'Drogen- an d'Immigratiounsgesetzer gehale gouf an och fir allgemeng Presenz ze weisen. Et goufen e puer Verstéiss festgestallt, wéi d'Police e Mëttwoch preziséiert.
Dräi Verwarnungen a siwe Protokoller wéinst Verstéiss géint d'Drogegesetz goufe verdeelt. Et konnt och eng kleng Quantitéit Droge séchergestallt a saiséiert ginn.
Da gouf eng Persoun an Arrest geholl, well se ze vill gedronk hat an "den ëffentleche Fridde" gestéiert huet. Eng weider Persoun gouf opgegraff, déi bei der Police gemellt war, well se géint d'Openthaltsrecht verstouss hat.
Am Ganze ware 17 Beamten an een Drogespierhond souwéi zwee Policekolleegen aus der Belsch bei de Kontrolle bedeelegt.
