A Begleedung vu sengen ElterenÉischte Schouldag fir de Prënz George a brittescher Elitteschoul Eton College

AFP
De Prënz George, den eelste Fils vum britteschen Trounfollger Prënz William, ass elo offiziell e Schüler op enger vun den traditiounsräichste brittesche Privatschoulen.
© ADRIAN DENNIS/AFP

Den 13 Joer ale Prënz gouf en Dënschdeg op sengem éischte Schouldag um prestigiéise College vu sengen Elteren William a Kate begleet. Wéi säi Papp hat den George en däischtere Kostüm mat däischterbloer Krawatt an däischterbronge Schong un. D'Wierder huet net ganz matgespillt, bei liichtem Reen huet de Prabbeli misse mat.

Den Direkter Simon Henderson huet de Bouf, deen eng Kéier brittesche Kinnek ka ginn, mat de Wierder "Wëllkomm, vill Gléck a vill Spaass" empfaangen. Wéi scho säi Papp ass och elo den 13 Joer ale Prënz op der weltbekannter Elitteschoul, déi méi wéi 63.000 Pond (ëmgerechent gutt 73.000 Euro) pro Joer kascht. Brittesche Medien no wäert den George am Internat vun der Schoul wunnen, och wann d'Schoul just e puer Kilometer vum Grondstéck vun der Famill zu Winsdor ewech ass.

Zu Eton goufen ausser de William a säi méi jonke Brudder, de Prënz Harry, och 20 fréier brittesch Premierministeren ënnerriicht, dorënner de Boris Johnson an den David Cameron. Ma och aner Prominenter wéi den James-Bond-Kreateur Ian Fleming zielen zu de fréiere Schüler vun Eton. Déi scho 1440 vum Kinnek Heinrich VI gegrënnte Schoul stoung laang Zäit fir elitäert Denken a Klassenënnerscheeder am Vereenegte Kinnekräich. D'Schoul fir Jongen am Alter tëscht 13 an 18 Joer hält bis haut u villen Traditioune fest.

Back to Top
CIM LOGO