
D'Post hat e Mëttwoch de Moien eng technesch Stéierung gemellt, duerch déi verschidde vun hire Service bis 11:15 Auer net disponibel waren. Betraff ware virun allem d'Post- a Finanzservicer am Verkafsreseau, souwéi d'eboo-Déngschter, dorënner den E-Banking an d'Bezuele mat der Kaart.
Bei den Telekommunikatiounsservicer vun der Post hat et keng Problemer ginn.
Géint 11:30 Auer huet d'Post Entwarnung ginn, déi technesch Stéierung wier behuewen an d'Servicer wieren nees all normal disponibel.
D'Post hat direkt an hirem éischte Schreiwes preziséiert, datt de Problem net a Relatioun mat der Migratioun vum Core Banking System, déi de leschte Juli gemaach gouf, stéing. Donieft hätt et och keng Unzeeche fir eng Cyberattack ginn.