Caritas-Affär"Et ass ganz vill Vertrauen zerstéiert ginn"

Pierre Weimerskirch
Am Summer ginn et zwee Joer, dass d’Caritas-Affär public gouf. Nach ëmmer ass d’Fondatioun domat beschäftegt, de Schued opzeschaffen.
D’Nathalie Frisch ass Member vum Bureau exécutif a vum Verwaltungsrot vun der Fondatioun Caritas.
D’Nathalie Frisch ass Member vum Bureau exécutif a vum Verwaltungsrot vun der Fondatioun Caritas.
© Pedro Venanzio (RTL-Archiv)

D’Enquête leeft weider op Héichtouren, an de leschte Méint goufen eng Rei Persoune festgeholl.

Fir d'Fondatioun Caritas wieren esou Entwécklungen e wichtegt Signal, erkläert d'Nathalie Frisch, Member vum Bureau Exécutif a vum Verwaltungsrot.

“Et gesäit een, datt de Parquet do eng immens Aarbecht mécht, fir nach weider um Dossier ze schaffen, an datt och konkret Resultater kommen.”

Dës Entwécklunge géifen och weisen, mat wéi enger krimineller Energie een et ze dinn hätt. Et hätt een och nach ëmmer Hoffnung, dass op d'mannst eppes Klenges wäert zeréckkommen.

Et geet drëm, de Passé opzeschaffen

Am Laf vum Bedruchsskandal waren am Joer 2024 iwwer Méint 61 Milliounen Euro vun der Fondatioun Caritas op national an auslännesch Konten detournéiert ginn.

Op d'Fondatioun hätten déi rezent Festnamen awer nach keen direkten finanziellen Impakt gehat. Aktuell géif sech d'Aarbecht vun der Fondatioun virun allem op d'Opschaffe vum Dossier konzentréieren. Déi operationell Aktivitéite bleiwe komplett gestoppt.

“Et geet elo mol haaptsächlech drëm, fir de ganze Passé opzeschaffen, fir all déi Creancieren, déi awer nach do sinn, lues a lues alleguerten ze bezuelen a fir esou e propperen Ofschloss vum Passé ze kréien.“

Och wann et kaum nach Personal gëtt, engagéiere sech virun allem Benevollen am Dossier. Fir d'Nathalie Frisch ass dat och eng Fro vum gesellschaftlechen Engagement: “Hei zu Lëtzebuerg ass jo awer de ganze Benevolat an de ganze soziale Secteur e wichtegt Element vun eiser Gesellschaft, en Deel vun eiser DNA. An de Leit läit dat och um Häerz.“

D'Zil bleift et, de Fall esou gutt wéi méiglech ofzeschléissen an déi Leit ze entschiedegen, déi nach Suen zegutt hunn.

Vertraue muss nees opgebaut ginn

De gréisste Schued geet fir d'Fondatioun awer iwwer déi finanziell Verloschter eraus. Et wier virop ganz vill Vertrauen, wat zerstéiert gi wier. Dofir wier et wichteg, datt d'Enquête weider virukënnt an och weist, datt et sech ëm e grousst kriminellt Netzwierk gehandelt huet.

Internationale Reseau vu Caritas Lëtzebuerg verluer gaangen

Nieft dem Vertraue bedauert d'Fondatioun och de Verloscht vun den internationale Strukturen, déi iwwer Joerzéngten opgebaut goufen.

“Esou Reseauen, wéi de Caritas-Reseau, dee mer um internationalen Niveau haten, datt deen net méi do ass, net méi ka genotzt ginn, dat ass e grousse Verloscht fir d’Aide internationale hei zu Lëtzebuerg.“

Parlamentaresch Fro zu der Affär Caritas

Zwee Joer nodeem de milliouneschwéiere Bedruch bei de Strukture vun der Caritas opgeflu war, ass d'komplex penal Enquête nach ëmmer amgaangen an déi concernéiert Ministere Luc Frieden an Elisabeth Margue schwätzen vun enger exzeptioneller Envergure, déi zu 17 Commissions rogatoires am Ausland gefouert huet.

Am Ausland goufen dann och Bank-Konte blockéiert, wou eng Partie vun den 61 Milliounen Euro drop sinn, déi der Caritas mam Presidententrick geklaut goufen. Eng genee Zomm wëllen a kënnen d'Ministeren awer net nennen, dëst och wëll net gewosst ass, op dës blockéiert Sue kënne saiséiert a confisquéiert ginn.

Alles an allem goufen 13 international Mandats d'arrêt lancéiert a bis ewell knapps 100 Rapporte vun den Enquêteure vun der Police judiciaire geschriwwen.

Et ass de Ministeren och wichteg ze preziséieren, datt Suen, déi aktuell blockéiert a vläicht recuperéiert ginn, eréischt nom Urteel kënnen eventuell zréck un déi geschiedegt Caritas fléissen. Bis ewell goufen an der Suite vum Caritas-Skandal 11 Persounen ugeklot an zwou Persounen am Ausland verhaft, déi awer nach net u Lëtzebuerg ausgeliwwert goufen an och nach net formell ugeklot sinn.

Rezent war jo nach zu Roum déi 41 Joer al Clarissa La Porta verhaft ginn, déi soll eng zentral Roll am internationale kriminelle Reseau ëm de Caritas-Bedruch gespillt hunn. D'Madamm La Porta ass aktuell an engem Prisong zu Roum hanner Gitter.

Déi parlamentaresch Fro iwwert d'Caritas-Affär hat den LSAP-Duo Taina Bofferding a Mars Di Bartolomeo gestallt.

Back to Top
CIM LOGO