
E Méindeg huet zum Beispill en onbekannte Mann bei enger Fra an der Beetebuergerstrooss zu Helleng un der Dier geschellt an huet uginn, e Pak wëllen zouzestellen. De Mann hat dofir och extra e Liesapparat fir d'Bancomatskaart bei sech. D'Fra huet sech wuel weider näischt dobäi geduecht a bezuelt. Wéi d'Fra amgaange war, hire PIN anzetippen, huet de Mann onbemierkt d'Kaart mat enger anerer vertosch. Dëst huet déi Geschiedegt kuerz drop gemierkt an hir Kaart späre gelooss.
En Dënschdeg koum et zu engem änleche Virfall. Déi Kéier um Boulevard Charles Simonis um Cents. Och hei huet sech en Onbekannten als Buet ausginn an huet e klenge Betrag fir d'Ofliwwere vun engem Pak gefrot. D'selwecht wéi bei der Fra gouf d'Bancomatskaart gewiesselt. Dëst huet d'Affer awer réischt méi spéit festgestallt.
A béide Fäll waren an de Päck verschidde Produiten aus de Beräicher Apdikt a Fleeg, déi vu béiden Affer net bestallt gi waren.
Der Police ass dës Virgoensweis net nei. An der lescht hate si schonn e puer Mol gewarnt, dass falsch Livreuren ënnerwee wieren, déi de Leit Sue fir e Pak froen an d'Situatioun ausnotzen, fir hinnen d'Kaart onbemierkt ze klauen. Si warnen, dass ee seng Bancomatskaart nimools soll aus der Hand ginn a säi PIN viru frieme Blécker soll schützen. Wann een Zweiwel hätt, sollt een de Virgang ofbriechen an déi betreffend Liwwerfirma kontaktéieren. Et sollt een och besonnesch eeler Leit iwwert dës Bedruchsmasch informéieren an deementspriechend sensibiliséieren.
Ass een op déi falsch Livreuren eragefall, soll ee sech bei engem vun de Policebüroen hei am Land mellen.