Constat vun CCDH an IDVLëtzebuerger Recht a Punkto Responsabilitéit vun Entreprisë schwaach opgestallt

Claudia Kollwelter
D'Lëtzebuerger Recht ass schwaach opgestallt a Punkto Responsabilitéit vun den Entreprisen, sou de Constat vun der Mënscherechtskommissioun zesumme mat der Initiativ pour un devoir de vigilance nodeems se en Avis juridique bei der Etude "Moyse & Associate" an Optrag ginn hunn.
De Jean-Louis Zeien, d'Noémie Sadler an de Me François Moyse op der gemeinsamer PK vun CCDH an IDV.
© Claudia Kollwelter

D'EU-Direktiv fir d'Liwwerkettegesetz soll jo bis Juli 2028 an nationaalt Recht ëmgesat ginn. Aktuell géif et awer nach un der richteger Legislatioun feelen, wouduerch et enorm Hürde géif ginn, déi bal onméiglech ze iwwerwanne wieren, heescht et vun der CCDH an der IDV. De gesetzleche Kader misst onbedéngt ugepasst ginn. Zum Beispill misst et, wéi och am Ausland, méiglech sinn, datt Sammelkloe gemaach kënne ginn. Eng weider Fuerderung ass déi, datt d'Geriichter hei am Land d'Lëtzebuerger Recht applizéieren an net dat vun aneren Drëttstaaten an datt bei Entreprisen, déi hire Sëtz hei am Land hunn, och d'Lëtzebuerger Recht gëllt.

Fannt hei de Pressecommuniqué zur PK
Fannt hei de juristeschen Avis vum Maître Moyse
Fannt hei d'Recommandatioune vun der CCDH an IDV

Back to Top
CIM LOGO