
Leit mat méi héije Pensioune verbréngen am Duerchschnëtt fënnef Joer méi laang an der Pensioun, ewéi déi mat den niddregste Pensiounen. Ënnert anerem zu där Conclusioun kënnt eng nei Analys vun der Cellule scientifique vun der Chamber, déi op Demande vun déi Lénk realiséiert ginn ass.
An dëser Note scientifique iwwer d'Liewenserwaardung am Pensiounsalter, déi de leschte Freideg publizéiert ginn ass, gëtt sech op Donnéeën aus de Joren 2000 bis 2024 baséiert.
D'Liewenserwaardung vun de Pensionnairen am Grand-Duché ass iwwer déi lescht Joerzéngten däitlech eropgaangen. Domat gehéiert Lëtzebuerg zu de Länner mat der héchster Liewenserwaardung an Europa.
D'Etüd weist awer gréisser Ënnerscheeder bei der Liewenserwaardung ofhängeg vum professionelle Parcours. Esou géinge Leit mat enger méi héijer Pensioun am Duerchschnëtt méi al ginn – fir genee ze si sechs Joer méi ewéi déi mat den niddregste Pensiounen.
Dat huet natierlech och een direkten Impakt dorop, wéi laang d'Leit vun hirer Pensioun kënne profitéieren. Bei de Männer vun där Populatioun sinn dat am Schnëtt fënnef Joer méi.
Opgefall ass an der Etüd och, datt Frontalieren, déi eng Pensioun am Grand-Duché kréien, am Duerchschnëtt méi laang dovu profitéieren ewéi d'Lëtzebuerger Residenten – notamment annerhalleft Joer méi. Bei de portugisesche Pensionären ass den Ecart nach méi grouss, do sinn et dräi Joer méi bei de Männer a gutt siwe Joer méi bei de Fraen.
D'Cellule scientifique vun der Chamber ënnersträicht an hirer Publikatioun, datt et sech bei dësen Zuelen ëm statistesch Coïncidencen handelt an net ëm e Lien de cause à effet. Trotzdeem dierften des Zuele fir déi nächst Diskussiounen ëm de Lëtzebuerger Pensiounssystem net onintressant sinn.
Déi Lénk fille sech duerch d'Etüd vun der Cellule vun der Chamber bestätegt. D'Argument vun der Sozialministesch Martine Deprez fir d'Verlängerung vun der Cotisatiounszäit ëm aacht Méint wier duerch d'Etüd net méi valabel.
Si hätt nämlech opgrond vun enger Note vun der IGSS, der Inspection générale de la sécurité sociale, behaapt, datt een net kéint de Revenu oder de Secteur, an deem een als lescht geschafft huet, mat der Probabilitéit ze stierwe verbannen. D'Verlängerung vun der Cotisatiounszäit wier "zudéifst ongerecht", sou déi Lénk, well Leit mat méi penibele Beruffer manner Sue géinge kréien a manner laang liewen.
Fir op d'Altere vun der Gesellschaft ze reagéieren dierft ee fir déi Lénk net d'Rechter kierzen. Et bräicht ee virun allem méi Recetten, esou den Deputéierte vun déi Lénk, Marc Baum.
Méi Recetten op der Säit vun deenen, déi och méi laang profitéieren, nämlech déi héich Revenuen. Duerfir wier et och nëmme richteg, datt déi och proportional méi abezuelen, wéi se herno erauskréien.
Donieft misst een Mindestrent iwwert d'Limitt vum Aarmutsrisiko an d'Luucht setzen.