
D'Zuel un digitalen audio-visuellen Audienze vun Detenuen ass op zwee Joer gekuckt awer och geklommen. De Justizministère huet eis op Nofro hin Donnéeë matgedeelt.
RTL huet beim Justizminsitère d'Donnéë gefrot
Esou goufen et d'lescht Joer 2.538 Gefaangenentransporter tëscht de Prisongen an de Geriichter. D'Joer virdru waren et der just 2.072, mee 2023 war ee mat 2.492 no un der Zuel vun 2025. Dës Zuele bezéie sech net op Transporter am Kader vun der Garde vun Detenuen - zum Beispill an d’Spideeler - an och net op Transporter vu Mannerjärege vun der Unisec oder vu Persounen aus dem Centre de rétention.
De Justizministère konnt d'Zuelen net op den Trajet vum Prisong fir Leit an Untersuchungshaft um Uerschterhaff bei Suessem erofbriechen, "well dofir eng manuell Recherche bei all den Transporter misst gemaach ginn". Dat ass schued, well een dorausser kéint gewuer ginn, ob d’Police dacks muss esou Transporter maachen, amplaz op nei Kommunikatiounstechnologien zeréckzegräifen.
Allerdéngs geet aus den Zuele vum Justizministère ervir, datt dat iwwer zwee Joer gekuckt op d’mannst méi gemaach gi wier. 2024 goufen alles an allem 2.263 Detenuen iwwert audio-visuell Telekommunikatioun um Geriicht bäigeschalt an d’Joer drop 2.606 oder 15% méi. D’virlescht Joer wieren et 299 eenzel Audienzen esou gewiescht an d’Joer drop 383.
D’Policegewerkschaft SNPGL hat viru bal zwee Joer kritiséiert, datt d’Organisatioun vun de Gefaangenentransporter schlecht organiséiert wier an déi schlecht Aarbechtskonditiounen d’Polizisten ënnert enormen Drock géinge setzen a Risiken aussetzen. De Justizministère sot eis, et wier keng Reorganisatioun vun de Rendez-vousen tëscht Prevenuenen an dem Ministère Public geplangt.
Jo och den Total un Detenuen a Prevenuen an den dräi Prisongen – Schraasseg, Giwenech an Uerschterhaff louch am Mee dëst Joer bei 810,4. (Komma well Leit dacks net fir e ganze Mount hanner Gittere sinn). D’lescht Joer waren et der ronn 100 manner, iwwerdeems et der viru fënnef Joer eng 200 manner waren. Zu Schraasseg ass d’Zuel allerdéngs erofgaangen op elo 390, nodeems de Prisong um Uerschterhaff viru bal véier Joer seng Dieren opgemaach huet. Do sinn antëscht 362 Leit – d’Joer virdru waren et der 312 a virun 2 Joer 256. Zu Giwenech waren am Mee 63 Leit. Déi lescht fënnef Joer louch dës Zuel tëscht 47 an 82.
Wat jo Mol gutt ass, ass, datt wéi et schéngt, d'"Population carcérale" proportional net esou staark geklommen ass ewéi d'Gesamt-Bevëlkerung.