
Am Februar hat de Minister annoncéiert, de Projet vu sengem Virgänger Franz Fayot zeréckzezéien, well de Staatsrot eng 50 formell Bedenken ausgedréckt hat.
Lëtzebuerg bleift dat eenzegt Land an der EU, dat keen nationaalt Gesetz huet, fir Fusioune vu Betriber oder Iwwernamen ze reegele respektiv ze limitéieren. Esou Reegelen, sougenannt Anti-Trust-Reegele, ginn op dat spéit 19. Joerhonnert an den USA zeréck. Wa Betriber e Marché dominéieren an et doduercher manner Konkurrenz gëtt, kann ënnert anerem negativ Effeten op d’Präisser hunn.
Ewéi hiren Daachverband d’Handwierkerfederatioun, an anerer, huet d’Federatioun vum Génie Technique, d’Vertrieder vun Haustechnik, esou Situatiounen an der Vergaangenheet kritiséiert. Hire President Alexandre Kieffer ënnersträicht, datt an engem private Marché Konzentratiounen dozou gehéieren. Mee “hei soll een oppassen, datt déi kleng Entreprisë solle kënnen um Marché participéieren an net just gréisser Entreprisen, well se ganz aner Moyenen hunn", esou den Alexandre Kieffer.
Besonnesch kritesch sinn d’Federatioun vum Genie Technique an hire President, wann de Staat Participatiounen huet. Bei engem neie Gesetz misst ee kucken, datt "een d’Interête kloer getrennt kritt" an dem Artisanat net onnéideg "deloyal Konkurrenz" schaaft.
D’Regierung wier nach ëmmer iwwerzeegt, datt eng Kontroll virun enger Fusioun oder Iwwernam besser ass, ewéi Enquêten am Nachhinein, esou de Lex Delles am Februar an der zoustänneger Chamberkommissioun. Säi Virgänger Franz Fayot, elo Deputéierte vun der LSAP, huet deemools den Androck ausgedréckt, datt de Staatsrot "en totaalt Eraushale vun der Politik aus deene Saache" géing favoriséieren.
Säi Projet de loi huet notamment Seuile virgesi vun engem Ëmsaz, vun deem un eng Konzentratioun soll verhënnert ginn. Vu wéini un eng Dominanz besteet, bleift eng delikat Appreciatioun. A fir Liberaler dacks en Dilemma tëscht Privatmarché gewäerde loossen, mee och Konkurrenz schützen.
An der EU huet de Wand politesch antëscht e bësse gedréint. D’EU-Kommissioun hat vun Abrëll bis Enn Juni eng Consultatioun lancéiert mam Zil, d’Reegelen eventuell méi labber ze maachen. Eng gesond Konkurrenz an der EU gëtt der ongesonder Konkurrenz mat den USA a China ënnergeuerdent.