CGDISVéier Blesséierter bei dräi Accidenter am Laf vun Dënschdegnomëtteg a Mëttwochmoien

RTL Lëtzebuerg
Fir d'Rettungsekippe vum CGDIS gouf et eng Rei Asätz an deene leschte Stonnen.
© Laurent Weber

Kuerz no 17 Auer gouf tëschent Béiweng a Réiser eng Persoun blesséiert, wéi se mat enger elektrescher Trottinette gefall ass. D'Secouriste vum Réiserbann a Beetebuerg waren am Asaz.

Géint 17:15 Auer sinn d'Rettungsekippe vu Kielen a Mamer op den CR102 geruff ginn nodeems hei zwee Autoen aneneegerannt sinn. Eng Persoun gouf verwonnt.

Zwee Blesséierter goufen et dann nach am fréie Mëttwochmoien, géint 4:10 Auer tëschent Keespelt a Schëndels, wéi hei zwee Autoen aneneegerannt sinn. Am Asaz waren d'Secouriste vu Koplescht a Miersch.

Back to Top
CIM LOGO