Invité vun der Redaktioun (19. August)Mattis Noël, President vun der ACEL

Annick Goerens
E Mëttwoch de Moie sinn ënnert anerem d'Studiebäihëllefen Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

D’Rentrée steet virun der Dier, mee fir vill Studenten ass nach ëmmer eng wichteg Fro onbeäntwert: Wou wunnen? Besonnesch um Belval ass de Wunnraum knapp, gläichzäiteg ginn d’Liewenskäschten an d’Luucht.

D’Studiebäihëllef gouf rezent reforméiert – mee geet déi Hëllef wierklech duer? A wat sinn d’Schwaachpunkte vun der Reform? Dat froe mer de Moien de President vun der ACEL, der Associatioun vun de Studenten-Cerclen. De Mattis Noël ass kuerz no 8 eisen Invité vun der Redaktioun.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO