Zu Miersch a bei BeetebuergPolice mellt versichte Kofferdéifställ op Chantieren

Bakir Demic
E Sonndeg den Owend, respektiv an der Nuecht op e Méindeg, koum et op zwee Chantieren am Land zu versichten Déifställ vu Koffer.
En ofgeschniddene Kofferkabel
© SEBASTIAN GOLLNOW/dpa Picture-Alliance via AFP

Zum éischte koum et an der Allée John W Leonard zu Miersch. Zwee onbekannt Männer hate sech hei onerlaabten Zougang zu engem Chantier verschaf a sëllege Kofferkabelen zesummegerullt. Ier si se mathuele konnten, koum awer eng Policepatrull op d'Plaz an déi zwee si geflücht. Se konnte kuerz duerno ugetraff ginn an et gouf Protokoll erstallt.

Am Kader vun enger Sécherheetskontroll hat eng Policepatrull an der Nuecht op e Méindeg laanscht enger Zuchstreck tëscht Beetebuerg a Léiweng sëllegen zougeschnidde Kofferkabele fonnt, déi warscheinlech prett louchen, fir méi spéit matgeholl ze ginn. Onbekannter hate sech éischten Erkenntnisser no hei op engem Site Accès verschaf an d'Kofferkabelen ofgetrennt. Och goufen u verschiddenen Entréeën an Ofspärunge vum Site Manipulatioune festgestallt. Eng Enquête leeft.

Back to Top
CIM LOGO