
Déi neiste PISA-Resultater dierften d'lescht Woch wuel Verschiddenen nach méi d'Laun op d'Rentrée verduerwen hunn. D'Lëtzebuerger Schülerinnen an Schüler hunn am internationale Verglach sou schlecht ofgeschnidden wéi nach ni.
Iwwer 30 Prozent vun de Jonken erreeche mol net méi deen ënneschten Niveau am Liesverständnis, der Mathé an de Sciencen. Dat ka kengem gefalen.
Mir hu mat Vertrieder vun de Lycéesdirektiounen an de Schüler geschwat, wat elo geschéie misst a wéi si sech den neie Réckgang vun de Kompetenze vun de Jonken erklären.
Bei zwou Saache si sech den Direkter vum Lycée technique du Centre an aktuelle President vum "Collège des directeurs" – also de Lycéesdirektiounen aus dem ganze Land – Steve Manderscheid an de Semir Honsic vun der nationaler Schülerkonferenz CNEL (Conférence nationale des étudiants) eens. Éischtens, d'PISA-Resultater musse fir eng méi déif gräifend Analys mol nach méi am Detail gekuckt ginn.
An zweetens de Smartphone-Gebrauch an déi digital Outile wéi d'KI féieren natierlech dozou, datt déi Jonk hautdesdaags méi ofgelenkt sinn, anescht schaffen an anescht u Problemer eruginn. Wann Handy a Co gesamtgesellschaftlech ëmmer méi eng grouss Plaz anhuelen, huet dat natierlech eng Inzidenz op d'Schoul, seet de Lycéesdirekter aus der Stad.
Jonker liese méi séier, méi iwwerflächlech an d'Lieskompetenz bleift op der Streck.
De Vizepresident vun der nationaler Schülerkonferenz Semir Honsic formuléiert et esou:
Et ass jo kloer, datt mat Bic an der Hand op Pabeier schreiwen, analog ass an natierlech vill méi e motoresch-kognitiven Training an dat hëlleft natierlech vill méi ze verënnerlechen, wéi wann ee lo um Ipad dat oftippt. An dat sinn u sech och déi optimal Konditiounen, wéi ee léiert.
Datt den Educatiounsminister Claude Meisch elo no der Presentatioun vun der neister PISA-Etüd als eenzeg direkt Konsequenz annoncéiert huet, datt dat aktuellt Handyverbuet am Lycée bis 5e verschäerft soll ginn, wier sech d'Saach awer ze einfach gemaach, fënnt d'CNEL.
Duerch Smartphone a KI wier de Risiko immens grouss, datt kritescht Denke verluer goen, seet de Semir Honsic. Amplaz de Jonken einfach den Handy an der Schoul méi ewechzehuelen an den Ipad ze verdäiwelen, misst een also do den Hiewel usetzen:
Eng geziilt Mediekompetenz entwéckelen. Datt een d'Schüler drop virbereet, wéi se mat Medien, mat Geräter schaffen. An e geziilte Kader fir KI schafen, fir eben net dee kognitiven Downfall ze hunn.
Déi national Schülerkonferenz war vun Ufank u skeptesch géintiwwer dem Handyverbuet an der Schoul. Just ee banaalt Verbuet géif kengem weisen, wéi een zum Beispill kritesch mat sougenannten Deepfakes kann ëmgoen.
D'Lycéesdirektiounen dogéint gesinn déi annoncéiert Verschäerfung ganz geloossen. Um Terrain wier dat op ville Plazen souwisou schonn zanter 2024 Realitéit. Och d'Ipad-Klassen hätte méi kloer pädagogesch Konzepter kritt.
De Steve Manderscheid, aktuelle President vum "Collège des directeurs":
Hei am Haus ass d'ailleurs schonn de Fall, datt vu 7e bis 5e den Handy total verbueden ass. Dat heescht, d'Schüler leeën e moies an en Tresor a si kréien en owes rëm. A mir hunn do immens vill positiv Effekter festgestallt. Datt d'Schüler nees méi mat den Enseignante schwätzen, méi ënnert sech schwätzen. Fussball spillen an der Paus a sou. An dat sinn éischter Saachen, déi jo awer positiv sinn. Déi och maachen, datt d'Oflenkungen e gutt Stéckche rof geet.
Den exzessive Smartphone-Konsum kéint een awer nëmmen an de Grëff kréien, wann och d'Elteren doheem matzéien. Schoul an Eltere missten Hand an Hand schaffen.
D'Responsabilitéit kéint net eleng bei de Jonken leien, seet och de CNEL-Vizepresident.

Fir d'Liesen ze promouvéiere kéint een zum Beispill gratis Zeitungen an de Lycéeën zur Dispositioun stellen, fënnt d'CNEL. Liese wier haut fir vill Schülerinnen a Schüler net méi attraktiv – virun allem, wann et op Pabeier ass.
Datt grad Liese sou eng essentiel Kärkompetenz ass, op där ganz vill anert Wëssen opbaut, weess natierlech och de Steve Manderscheid. D'Basis wier wichteg, dat géif de PISA-Rapport mat grousser Däitlechkeet weisen:
D'Zil vun der Schoul muss et jo sinn, e kriteschen, mündege Bierger erunzezéien, deen dobaussen eens gëtt, dee säi Liewen organiséiere kann. Mä dat kann ech natierlech alles nëmmen, wann ech verschidde Basiskompetenzen hunn. Liesen ass eng vun de wichtegste Kompetenzen, domadder fänkt d'Léieren un. Ech brauch dat natierlech an der Beruffswelt. Ech muss mäin Handysvertrag verstoen. A wann ech vun engem Schüler verlaangen, datt e sech kritesch mat eppes ausernee setzt, ass d'Viraussetzung, datt e fir d'éischt deen Text iwwerhaapt mol versteet.
De Lycéesdirekter aus der Stad ass der Meenung, datt vill Reforme vum Educatiounsministère an déi richteg Direktioun ginn. Et bräicht eben nach Zäit, bis alles gräift.
De Steve Manderscheid nennt de KI-Kompass a begréisst och ausdrécklech, datt de Ministère nom Fondamental och elo d'Léierpläng am Secondaire ugeet. Dat huet de Claude Meisch nach emol elo bei de Rentreés-Pressekonferenz widderholl.
Bis 2028 soll eng breet Consultatioun iwwert déi zukünfteg Programmer gefouert ginn, wat an Zukunft nach an der Schoul vermëttelt soll ginn – grad wann en Drëttel seet, datt een d'Gefill huet, datt d'Schoul him haut guer näischt bréngt, misst een och do aktiv sinn.
De weltwäite Musterschüler Singapur hätt seng Léierpläng zum Beispill vill méi op Grondlage baséiert, sou nach de Steve Manderscheid. Ouni déi digital Outile ganz op der Säit ze loossen.
Estland, e Land an Europa, an deem d'PISA-Resultater eropgaange sinn, hätt vill investéiert a Fréifërderung. Do géife schwaach Schüler elo méi en Charge geholl, fir probéieren ze verhënneren, datt Retarden entstinn.
Och dat vläicht en interessant Virbild fir de Grand-Duché. Wou Succès an Echec jo nach ëmmer zu engem immens grousse Mooss vum sozioekonomesche Background ofhänken.
D'Enseigantsgewerkschaften SEW/OGBL a Féduse gesi wéinst de schlechte PISA-Resultater kloer den Educatiounsminister an der Flicht. Och d'Jugend vun de Majoritéitsparteien, d'CSJ an d'JDL, hu sech an der Lescht kritesch géintiwwer der Politik vum Claude Meisch geäussert.
D'Jugendpartei vun der CSV gëtt dem Claude Meisch wéinst PISA eng Datz a fuerdert, den Educatiounsminister misst, wéinst de schlechte Resultater, seng rezent Reforme reevaluéieren. Hien hätt säi Versprieche fir eng méi fair a sozial gerecht Schoul, trotz vill Geld, net gehalen.
Iwwert de Summer schonn haten d'Jongdemokraten déi automatesch Promotioun op den ënneschte Lycéesklassen hannerfrot. D'Weiderkommen an der Schoul misst méi staark un déi eigentlech Kompetenze vun de Schülerinnen a Schüler gebonne ginn. Wien an zentrale Fächer Defiziter huet, misst méi fréi en Charge geholl ginn, verflichtend Nohëllef kréien a wann et muss sinn, och kënne sëtze bleiwen.
En Dënschdeg de Moie kréien d'Memberen vun der Educatiounskommissioun an der Chamber eng éischte Kéier d'PISA-Etüd am Detail virgestallt.