Satellit, Panzer, MaschinnegewierPropos fir nei Euroschäiner vun der Defense-Direktioun suergt fir Kritik

RTL Lëtzebuerg
Wat wuel als klenge Clin d'oeil, deen op d'Wichtegkeet vun der Defense sollt opmierksam maachen, geduecht war, huet fir hefteg Kritik op de soziale Medie gesuergt.

Aktuell kënnen d'Leit jo online iwwer den Design vun den neien Euroschäiner ofstëmmen. D'Lëtzebuerger Direktioun vun der Defense huet an deem Kader op de soziale Medien e Post mat enger eegener Propos fir en Design vun de Schäiner gemaach. Ze gesi sinn ënner anerem e 5-Euroschäin mam Militärfliger A400M, en 20-Euroschäi mat engem Satellit awer och en 100-Euroschäi mat engem Panzer oder en 200er mat engem Maschinnegewier drop. D'Biller goufe mat KI generéiert.

Et hätt ee sech et net wëllen huele loossen, alternativ Proposen ze maachen. Wéi wier et mat europäescher Sécherheet?, heescht et weider an deem Post.

Dass de Post effektiv vun der Direktioun vun der Defense ass, krut RTL op Nofro hi confirméiert.

Ma wat wuel als klenge Clin d'oeil, deen op d'Wichtegkeet vun der Defense sollt opmierksam maachen, geduecht war, huet fir hefteg Kritik op de soziale Medie gesuergt. Esou ënner anerem vum LSAP-Deputéierten Yves Cruchten, deen d'Fro stellt, deen am Post e Feiere vun der Oprëschtung gesäit.

Och de President vum "Syndicat Professionnel de l'Armée luxembourgeoise", de Christian Schleck, konnt dem Design näischt Positives ofgewannen. Iwwerdeems hätt een aktuell an der Defense sécherlech aner Prioritéiten, ewéi dat wat dëse Post géing hierginn.

Weider Explikatioune vun der Direction de la Défense stinn aktuell nach aus.

Back to Top
CIM LOGO