Associatioun weist sech betraffZu Schraasseg sinn 3 Giischtercher bei engem Incident liicht blesséiert ginn

RTL Lëtzebuerg
Et koum zu engem Virfall den Donneschdeg de Moie fréi mat enger Persoun, déi nei an de Centre penitentiaire erakomm ass.
© RTL

Ee vun de Giischtercher ass vun engem Schong getraff ginn, deen den Detenu op hie geschoss huet. Déi aner zwee goufe blesséiert, wéi si dee Concernéierten immobiliséiert hunn.

D'Associatioun vun de Giischtercher weist sech betraff iwwert dëse Virfall, deen op en Neits géif weisen, wéi enger Gewalt hir Leit all Dag ausgesat wieren. D'Autoritéite missten déi néideg Ressourcen zur Verfügung stellen, datt d'Agenten hir Aarbecht anstänneg kéinte maachen, ouni mussen ze fäerten, Affer vun dagdeeglecher Gewalt ze ginn.

Schreiwes AAP

Back to Top
CIM LOGO