Background am Gespréich (20. Juni)Sécherheet a Respekt am Stroosseverkéier

Maxime Gillen
E Samschdeg waren den Alain Disiviscour, d'Isabelle Medinger an d'Carine Nickels d'Invitéen an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
Background am Gespréich: Sécherheet a Respekt am Stroosseverkéier
Eng Stonn, fir hannert d'Kulissen ze kucken.

Zejoert sinn 29 Leit op de Lëtzebuerger Stroosse leie bliwwen, dat sinn der 29 ze vill. Dee Constat gouf e Samschdeg de Mëtteg am RTL-Background gemaach, dee ganz ëm d‘Verkéierssécherheet gedréint huet.

Background am Gespréich - Sécherheet a Respekt am Stroosseverkéier

D'Ursaache fir déidlech Accidenter si bekannt: D'Vitess, den Alkohol awer och ëmmer méi d‘Oflenkung. Do gëtt et de Smartphone, awer och déi modern Autoe mat Touch-Ecranen a grousse Menüen.

Zu Lëtzebuerg wier awer virun allem d'Toleranz vis-à-vis vum Alkohol nach ëmmer vill ze héich, seet d'Isabelle Medinger, Direktesch vun der Sécurité routière. Bei Recidiviste kéinten zum Beispill sougenannt Alko-Locken an de Gefierer installéiert ginn, fuerdert si. Generell wiere mer eng Band vun Individualisten an dofir géing et net ouni Repressioun. Mesuren a Sanktiounen hätten eppes bruecht, och d‘Radare wieren effikass. Dat géingen d‘Zuele kloer weisen, déi mat de Joren däitlech erofgoungen.

Den Alain Disiviscour verweist drop, datt de Strofkatalog nach weider géing iwwerschafft a méi streng gemaach ginn. Notamment bei Recidiviste sollen d‘Strofen exponentiell an d'Luucht goen. Enn dës Joers sollen déi entspriechend Gesetz-Verschäerfungen op den Instanzewee goen.

Den Handy um Steier wier e risege Problem, seet d'Carine Nickels, Presidentin vun der Associatioun vun den Affer am Stroosseverkéier.

Generell wieren d'Leit hautzedaags zolidd gestresst an hätte keng Zäit. De Verkéier wier vill méi komplex ginn. Elektresch Trottinette bereeden an deem Kontext Suergen, dat ënner anerem, well d'Reegelen, déi fir dës gëllen, net jidderengem bekannt sinn. Vill Gefierer wieren och friséiert, bedauert den Alain Disiviscour.

Eis Invitéeën am Background waren:

  • Alain Disiviscour, Responsabele fir d'Sécurité routière am Mobilitéitsministère
  • Isabelle Medinger, Direktesch vun der Associatioun Sécurité Routière
  • Carine Nickels, Presidentin vun der Associatioun vun den Affer am Stroosseverkéier

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen " Background " wielen.

Back to Top
CIM LOGO