Nationalfeierdag 2026 op RTLVun der Philharmonie iwwer d'Militärparad bis bei den Te Deum

RTL Lëtzebuerg
De ganzen Dënschdeg iwwer konnt Dir déi grouss Highlighte vun den offizielle Festivitéiten op der Tëlee an op RTL.lu materliewen.

Lass geet et moies um 9:15 Auer mat der Spezialemissioun op der Tëlee. Do si mer live an der Philharmonie mat dobäi a gesinn, wéi d'Éieregäscht ukommen a sech fir d'Zeremonie, déi um 9:30 Auer lassgeet, prett maachen. Um Radio sinn de ganzen Dag Live-Interventioune vun de verschiddene Plazen.

Um 11:45 Auer iwwerdroe mer d'Militär- an d'Zivilparad aus der neier Avenue. Den Te Deum ass um 16:15 Auer an der Kathedral a gëtt och live op RTL Tëlee an rtl.lu iwwerdroen a kommentéiert.

Vun 19 Auer u weise mer Iech nach eemol déi bescht Momenter vum Dag am Resumé mat och am Journal Reaktiounen a Stëmmungsbiller uechtert d'Land.

Back to Top
CIM LOGO