
Ongeféier 8.000 Mënsche liewen aktuell zu Lëtzebuerg mat Demenz. 57 Millioune Mënschen op der Welt aktuell mat enger Demenzerkrankung. Prognosen no kéint d'Zuel vun de Betraffene bis an d'Mëtt vun dësem Joerhonnert ronn dräimol esou héich ginn.
En Demenz-Preventiounsprogramm hëlleft de Leit, hiert Risiko duerch Liewensstilännerungen ze reduzéieren.
D'Alzheimer-Krankheet (och Morbus Alzheimer genannt) ass eng neurodegenerativ Krankheet vum Gehier an déi heefegst Ursaach fir Demenz. Si beaflosst d'Gediechtnes, d'Denken, d'Verhalen an d'Selbstännegkeet iwwer Joren.
Den Alois Alzheimer huet d'Krankheet am Joer 1906 fir d'éischt beschriwwen. Demenz fänkt dacks schläichend un. Éischt Unzeeche si meeschtens Gediechtnes- an Orientéierungsproblemer.
Betraffe Persoune kréie Schwieregkeete mat gewinnten Aufgaben oder hunn et schwéier, Gespréicher ze verfollegen. Och Verännerungen an der Stëmmung oder am Verhale kënnen en Hiweis sinn.
D'Alzheimer-Krankheet trëtt heefeg bei Persounen iwwer 65 Joer op a verursaacht 60 bis 70 % vun allen Demenzerkrankungen. Fraen erkranken däitlech méi dacks wéi Männer.
E gesonde Liewensstil mat reegelméisseger Beweegung, geeschteger Aktivitéit, soziale Kontakter an enger gesonder Ernierung kann d'Risiko reduzéieren.