Trakter zu Bierden ëmgefallEng Koppel an hiert 3 Joer aalt Kand bei Accident verwonnt

Andy Brücker
Méi e schroen Accident ass en Dënschdeg de Moien an der Rue im Will zu Bierden geschitt.
© Luxembourg Air Rescue

Um 11:30 Auer sinn d'Rettungsekippen op Bierden an d'Rue im Will geruff ginn. Hei ass en Trakter ëmgetippt an dräi Persoune goufe verwonnt. Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Buerschent an aus der Nordstad, Ambulanze vu Miersch an aus der Nordstad, grad ewéi de SAMU vun Ettelbréck, respektiv de Rettungshelikopter.

Spéider huet d'Police präziséiert, dass et sech ëm en Oldtimer-Trakter gehandelt huet. Et war gemellt ginn, dass dësen an engem Bësch an der Géigend vu Bierden ëmgefall wier. Éischten Informatiounen no géif et drop hindeiten, dass de Chauffer mam Trakter e Bëschwee erofgefuer ass, dobäi den Hiwwel touchéiert huet, wouropshin den Trakter ëmgefall ass. Dobäi goufen déi dräi Passagéier, eng Koppel an hiert 3 Joer aalt Kand méi oder wéineger ageklemmt an deementspriechend blesséiert. Den Trakter gouf saiséiert an de Miess- an Erkennungsdéngscht gouf op d'Plaz geschéckt, fir déi genee Ëmstänn vum Accident z'ermëttelen.

De SAMU vun Esch war dann um Dënschdeg am Nomëtteg gefuerdert, méi genee um 15:20 Auer. Zu Esch an der Rue Simon Bolivar waren e Motorrad an eng E-Trottinett net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf verwonnt. Och d'Pompjeeën an d'Ambulanz vun Esch waren hei am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO