Deviatioun huet missen en place gesat ginnZu Bouneweg krute sech zwee Autoen ze paken

RTL Lëtzebuerg
Kuerz viru 14 Auer koum et op der Kräizung vun der Rue de Carignan mat der Rue Auguste Charles zu engem Accident.
© Domingos Oliveira

Duerch den Accident en Dënschdeg kuerz viru 14 Auer huet d'Kräizung vun der Rue de Carignan mat der Rue Auguste Charles misse fir den Trafic gespaart ginn an eng Deviatioun gouf ageriicht.

Hei hate sech en Taxi an en Auto ze pake kritt a béid Gefierer hunn d'Kräizung blockéiert. RTL-Informatiounen no huet eng Persoun missten an d'Spidol kommen.

Am Virmëtten an am Nomëtte gouf et dann awer nach e puer weider Accidenter:

Um 11:18 Auer goufen zwou Persoune bei engem Accident mat zwee Autoen op der A13 am Tunnel Aessen verwonnt. D'Rettungsekippe vun Diddeleng, Esch, Suessem-Déifferdeng a Schëffleng waren am Asaz.

Ee Blesséierten du géint 14:20 Auer op der RN06 tëscht Mamer a Capellen, wéi hei e Bus an en Auto aneneegerannt sinn. D'Mamer Secouriste waren op der Plaz.

D'Stater CGDIS-Ekippen, déi vun Hesper an och en Helikopter vun der Air Rescue waren da géint 15:30 Auer zu Hesper op der Diddenuewener Strooss am Asaz. Hei ass eng Persoun blesséiert ginn, déi mat enger Trottinette gefall war.

Back to Top
CIM LOGO