Fir déi zweete Kéier a senger KarriärDavid Goldrake mam Merlin Award als "Magician of the Year 2026" ausgezeechent

RTL Lëtzebuerg
De Präis gëtt fir d'Exzellenz vum Programm, d'Originalitéit an d'Innovatioun an der Zauberkonscht verginn.
© Commune de Strassen

De Lëtzebuerger Illusionist David Goldrake ass mam Merlin Award als "Magician of the Year 2026" ausgezeechent ginn. De Präis gëtt vun der International Magicians Society verginn a gëllt als eng vun de bekanntsten Auszeechnungen an der Welt vun der Zauberkonscht.

Fir de Goldrake ass et schonn déi zweet Kéier a senger Karriär, datt hien de Merlin Award kritt. An enger Reaktioun op d'Auszeechnung schwätzt den David Goldrake vun enger grousser Éier.
De Präis gëtt fir d'Exzellenz vum Programm, d'Originalitéit an d'Innovatioun an der Zauberkonscht verginn.

Zu de fréiere Laureate gehéieren ënner anerem den Duo Siegfried & Roy an den David Copperfield.

Den David Goldrake, deen zu Lëtzebuerg opgewuess ass, ass eegenen Aussoen no an iwwer 50 Länner op sechs Kontinenter opgetrueden. Rezent huet hie seng Las-Vegas-Show "An Evening of Grand Illusion" ofgeschloss. No senger Las-Vegas-Residenz schafft hien aktuell un engem neie grousse Büneprojet.

Schreiwes "David Goldrake mam Merlin Award 2026 ausgezeechent"

Back to Top
CIM LOGO