Eng beléift Visite guidéeBléck hannert déi zouenen Diere vum groussherzogleche Palais

Chris Meisch
Normalerweis bleiwen déi meescht Dieren am groussherzogleche Palais fir de Public zou. Bis Enn August kënnen d'Visiteuren awer nees en Abléck an déi offiziell Residenz an der Stad Lëtzebuerg an Aarbechtsplaz vum Grand-Duc Guillaume kréien.

D'Visitt fänkt net direkt bei der Entrée vum Palais un, mä um Knuedler, wou d'Gaby Limpach-Theis, eng vun de Guidë vum Luxembourg City Tourist Office, d'Visiteure fir d'éischt an d'Geschicht vun der Nassau-Dynastie aféiert.

Visitt am Palais / Chris Meisch

"An ech ginn dann och Explikatiounen iwwer d'Architektur vum Palais, iwwer déi fréier Funktioun vum Palais, dat war jo den Hôtel de Ville, a wéi et dann dozou komm ass, dass et d'Haaptresidenz an der Stad an d'Aarbechtsplaz vum Groussherzog ginn ass. A virun allem wëll ech och e bessert Verständnis vun der Dynastie ginn."

Eréischt duerno geet et iwwert de sougenannte badesche Fligel an d'Gebai eran. Déi éischt Statioun ass d'"Salle de la Balance", wou op de Fënsteren d'Monogramme vun de Grand-Ducen a Grand-Duchessen ze gesi sinn, déi zanter dem Grand-Duc Adolphe um Lëtzebuerger Troun waren. Duerno féiert d'Visitt weider an den eelsten Deel vum Palais.

"An do gesi si dann natierlech d'Salle d'armes mat de ville Pistoulen a Gewierer. Dann gi mir an d'Galerie d'Honneur, mir ginn déi schéin Trap erop, an do sinn d'Leit ëmmer ganz begeeschtert iwwer déi schéi gréng Vase aus Malachite-Steen. Vun der Galerie d'Honneur aus huet een eng Vue op d'Salle des fêtes an d'Salle à manger, an och op aner Säll, déi vun do aus accessibel sinn. Den Héichpunkt ass awer ëmmer de Festsall a virun allem dëst Joer sinn d'Leit ganz gespaant op déi nei Portraite vum Grand-Duc Guillaume an der Grand-Duchesse Stéphanie."

All Dag ginn zéng Visitten a véier verschiddene Sproochen gemaach. Bei de Visiteure kënnt de Bléck hannert déi soss zouen Dieren op alle Fall gutt un.

"Schonn d'lescht Joer wollt ech heihinner kommen, mee do hat ech keng Tickete kritt. An dëst Joer hu mir déi lescht Tickete kritt an hunn d'Geleeënheet genotzt. De Palais ass immens interessant ze gesinn. D'Architektur an déi vill Konschtwierker hu mech wierklech beandrockt. Ech wousst zum Beispill net, dass et de Vertrag gouf, duerch deen et keng weiblech Nofollger an der Trounfolleg méi gouf. Ech hunn et och besonnesch gutt fonnt, dass esou vill iwwer d'Geschicht vu Lëtzebuerg erzielt gouf."

Fir déi ronn 75 Minutte laang Visitten ze begleeden, sinn eng 40 Guiden am Asaz. Hir Formatioun dauert ongeféier ee Joer, well si d'Geschicht an déi aktuell Roll vum Palais a verschiddene Sproochen erkläre mussen.

D'Tickete fir d’Visite-guidéeë vum groussherzogleche Palais ginn iwwert de Luxembourg City Tourist Office verkaaft. Een Deel vum Erléis kënnt och dëst Joer nees der karitativer Fondatioun "Fondation du Grand-Duc et de la Grande-Duchesse" vun der groussherzoglecher Famill zegutt.

Back to Top
CIM LOGO