18 Meter DuerchmiesserNasa-Experten hunn Ausmooss no Aschlag vu SpaceX-Rakéitendeel um Mound berechent

RTL mat AFP
Zwou Wochen nom Aschlag vum véier Tonne schwéiere Schrottdeel vun enger SpaceX-Rakéit um Mound hunn Experte vun der Nasa ausgerechent, wéi grouss de Kater ass, deen entstanen ass.
Zwei Wochen nach dem Einschlag eines vier Tonnen schweren Schrottteils einer SpaceX-Rakete auf dem Mond hat die Nasa Aufnahmen von dem dadurch entstandenen Krater veröffentlicht.
De Krater huet en Duerchmiesser vun 18 Meter an ass 3 Meter déif.
© NASA Goddard/Intuitive Machines/AFP

Wéi d'US-Raumfaartagence en Dënschdeg matgedeelt huet, konnt d'Ausmooss vum Aschlag duerch de Krater virun zwou Wochen ausgerechent ginn. En huet en Duerchmiesser vun 18 Meter an 3 Meter Déift. D'Experten hu sech bei hire Berechnungen op Grondlage vum Schiet baséiert, deen de Krater hannerlooss huet.

D'Opname vun der Nasa goufen den 11. an 12. August vun der US-Sond Lunar Reconnaissance Orbiter (LRO), déi de Mound ëmkreest, gemaach. Se weisen den Aschlag, deen entstanen ass duerch e Stéck vun enger Falcon-9-Rakéit de 5. August op der Moundiwwerfläch. D'Nasa wëll an Zukunft eng Weltraumbasis um Mound opriichten, Erkenntnesser iwwer méiglech Kollisioune mat Weltraumschrott sinn dowéinst wichteg.

D'SpaceX-Rakéit hat dem 9. Januar 2025 zwee Moundlandapparater an de Weltraum transportéiert. Den Undriff vun der Rakéit ass op der Äerd gelant, den ieweschten Deel ass am All bliwwen. Duerch eng Mëschung aus Sonnenaktivitéit a Schwéierkraaft wier d'Stéck Rakéit vu senger berechenter Streck ofkomm, sou dass se net gewollt op de Mound zougesteiert ass. Esou hat déi zoustänneg SpaceX-Directrice Julianna Scheiman den Opprall erkläert.

Um Mound schloen zwar reegelméisseg Meteoritten an, Kollisioune mat Rakéitestécker oder anerem Weltraumschrott sinn awer méi seelen. Schätzunge vun der Europäescher Weltraumagence Esa no sinn den Ament méi wéi 46.000 Stécker Weltraumschrott an der Äerdëmlafbunn, déi zesumme ronn 17.000 Tonne weien.

Déi vun der Nasa verëffentlecht Opname sinn net déi éischt vum Aschlag um Mound. D'südkoreanesch Raumfaartagence hat schonn de 6. August Biller verëffentlecht.

Liest heizou och:

Back to Top
CIM LOGO