Spezialbeamten am AsazTréierer Dom huet en Dënschdeg wéinst onerklärlechem Gestank missen evakuéiert ginn

RTL Lëtzebuerg
Matten an Tréier gouf et en Dënschdeg ronderëm den Doum ee Groussasaz vun de Pompjeeën. Grond war awer kee Feier.
Den Tréierer Dom gouf en Dënschdeg evakuéiert.
Den Tréierer Dom gouf en Dënschdeg evakuéiert.

Villméi wier de Mataarbechter vum Doum en Dënschdeg géint 10:45 Auer esou een onangeneeme Geroch an d'Nues geklommen, datt si sech gezwonge gesinn hunn, den Noutruff ze wielen. D'Pompjeeë wieren dann och direkt op d'Plaz gefuer an hunn d'Situatioun änlech ageschat, mellt ënnert anerem d'Stad Tréier an enger Pressematdeelung.

Dowéinst gouf net just den Doum, ma och d'Liebfrauenkirche direkt niewendrun evakuéiert. Et hätt op enger Rei Plazen uechter d'Gotteshaiser staark no "Kaz" gericht, schreift den "Trierischer Volksfreund". Well d'Source vum schlechte Geroch awer net ze fanne war, koume weider Experten an den Asaz, dorënner eng Spezialunitéit fir den Zivilschutz, déi op d'Sich no "cheemeschen, biologeschen, radiologeschen an nukleare Waffe" spezialiséiert ass.

D'Resultater aus Miessapparater op der Plaz hätten Entwarnung ginn, ma trotzdeem wier kuerz viru Mëtteg nach ee spezielle Ventilator an den Asaz komm, fir de Geroch aus dem Doum nees erauszekréien. Eng Loftprouf gouf iwwerdeems fir weider Analysen an ee Labo zu Ludwigshafen geschéckt. Géint 12:45 Auer war den Asaz, un deem eng 30 Pompjeeën an d'Police vun Tréier bedeelegt waren, nees eriwwer, mellt de "Volksfreund".

Den Domdechant Georg Holkenbrink sot der Tréierer Zeitung géigeniwwer, hie géif dovunner ausgoen, datt déi sténkeg Substanz express am Doum verdeelt gi wier.

Back to Top
CIM LOGO