Nächste Spektakel um HimmelPartiell Mounddäischtert den 28. August moies fréi

Tom Nols
No der rezenter partieller Sonnendäischtert erwaart eis e Freideg de Moie fréi e weidere Naturphenomeen.
Eng partiell Mounddäischtert ass e Freideg z'observéieren
Eng partiell Mounddäischtert ass e Freideg z'observéieren
© RICHARD A. BROOKS/AFP

Wann de Vollmound den 28. August amgaangen ass, ënnerzegoen, kënnt et zu enger partieller Mounddäischtert. Vu 4:34 Auer u wäert sech de Schiet vun der Äerd vu lénks no riets iwwert de Mound beweegen a wäert dësen um 6:13 Auer zum gréissten Deel bedecken. Géint 3:30 Auer wäert d'Scheif vum Mound awer schonn an den Hallefschiet vun der Äerd geroden.

Déi partiell Mounddäischtert ass a wäiten Deeler vun Europa z'observéieren, virausgesat, d'Wieder spillt mat. Wat ee méi wäit westlech ass, wat een d'Däischtert méi laang kann observéieren. Just uewe riets wäert nach e klengt Segment vum Mound siichtbar bleiwen. Donkelrout, sou wéi enger totaler Däischtert, wäert de Mound allerdéngs net ginn. Op den amerikanesche Kontinenter wäert de Phenomeen a voller Längt ze gesi sinn.

Wann et zu enger Mounddäischtert kënnt, steet de Vollmound genee op enger Linn mat der Äerd an der Sonn. Vum Mound aus gekuckt, réckelt dobäi d'Äerd virun d'Sonn. De Mound geréit dobäi an de Schiet vun der Äerd a gëtt doduerch méi donkel. Ass eng Mounddäischtert total, dauche ronderëm de Vollmound souguer Stären op, déi soss vum Mound iwwerstraalt ginn. Zu enger nächster totaler Däischtert wäert et op Silvester 2028 kommen.

Back to Top
CIM LOGO