Fir d’Fans vun der Netflix-Serie "Peaky Blinders" gëtt et zu London eng nei interaktiv Experience, déi sougenannte "Peaky Blinders Underworld".
Dora geet et fir d'éischgt duerch de Pub aus der Serie, an deem d'Visiteure sech e speziellt Gedrénks kënnen eraussichen, éiert se vu kostüméierten Acteuren duerch verschidde Locations aus der Serie gefouert ginn. Duerch en Chinatown Distrikt an iwwert eng Kiermes geet et zum Beispill, an et kann een un interaktive Spiller deelhuelen.
D’Serie spillt u sech zwar am Birmingham vum fréien 20. Joerhonnert, wärend d’Experience awer zu London hir Heemecht huet ënnert den Béi aus Zille vun der historescher Metro bei London Bridge. E Setting, deen d'Gefill vun der Serie ganz gutt erëm gëtt.

"Peaky Blinders" ass wärend 6 Staffele bis 2022 gelaf, éiert dëst Joer op Netflix mat "The Immortal Man" e Sequel presentéiert gi war. D’Underworld wäert en Donneschdeg offiziell opgoen. All Infos op der Homepage vum besonnesche Site.