Diamond League: Finall4. Plaz fir Patrizia van der Weken a Ruben Querinjean

RTL Lëtzebuerg
Mam Ruben Querinjean an dem Patrizia van der Weken hu sech eng éischte Kéier zwee Lëtzebuerger fir d’Finall vun der Diamond League qualifizéiert. Allebéid ware si e Samschdeg den Owend am Asaz.
De Ruben Querinjean bei der 3.000m-Steeple-Finall zu Bréissel.
De Ruben Querinjean bei der 3.000m-Steeple-Finall zu Bréissel.
© NICOLAS TUCAT / AFP

An der Diamond-League-Finall, bei där just déi bescht Athleeten an Athleetinnen vun de leschte Manchen dobäi sinn, war et fir d'Patrizia van der Weken iwwer 100 Meter e Samschdeg déi 4. Plaz. Fir de Ruben Querinjean war et iwwer 3.000 Meter Steeple och déi 4. Plaz.

D'Patrizia van der Weken huet et mat engem Chrono vun 11 Sekonnen an 8 Honnertstel op déi 4. Plaz gepackt an domat de Podium just knapp verpasst. Si ass 3 Honnertstel iwwert hirer Saisonsbeschtzäit an 8 Honnertstel iwwert hirem nationale Rekord bliwwen.

D'Victoire war fir d'Jamaikanerin Tina Clayton (10.93), dat virun der Brittin Amy Hunt (11.06) an der US-Amerikanerin Sha'Carri Richardson (11.07).

Fir d'Patrizia van der Weken war et zu Bréissel schonn déi 3. Diamond-League-Finall hannerteneen, fir déi si sech qualifizéiert hat. Virun der Finall war d'Lëtzebuergerin op Plaz 4 am generelle Schlussklassement vum 100m-Ranking bei den Dammen. Déi endgülteg Plaz an deem Klassement ass nach net offiziell.

An der Finall iwwer 3.000 Meter Steeple huet de Ruben Querinjean sech e Samschdeg den Owend mat enger Zäit vun 8 Minutten, 11 Sekonnen a 97 Honnertstel och als 4. klasséiert. Domat ass hie méi wéi 6 Sekonnen iwwert sengem Rekord bliwwen, deen hie viru Kuerzem opgestallt huet.

D'Victoire ass hei un den Äthiopier Gemechu Godana gaangen. Mat engem Chrono vun 8:08.67 huet hie sech virum Marokkaner Soufiane El Bakkali (8:10.03) an dem Kenianer Simon Koech (8:11.15) duerchgesat.

De Querinjean war virun der Finall den 11. am 3.000m-Steeple-Ranking, och hei ass d'Schlussklassement nach net offiziell.

Back to Top
CIM LOGO