F1-KalennerKrich am Noen Osten - wéi reagéiert d'Formel 1?

Serge Pauly
Nom Grousse Präis vun Ungarn geet d'Formel 1 an d'Summerpaus. Wéi et no der Vakanz viru geet, ass wéinst dem Iran-Krich net ganz kloer.
D'F1-Finall am Noen Osten wackelt.
D'F1-Finall am Noen Oste wackelt.
© FOM Steve Domenjoz

D'Formel 1 muss hire Kalenner warscheinlech nach emol op de Leescht huelen. Am Fréijoer goufe schonn d'Courssen am Bahrain an a Saudi-Arabien ofgesot. Wéinst de rezenten Entwécklungen an der Golfregioun wackelen elo awer och d'Manchen am Katar (29. November) an zu Abu Dhabi (6. Dezember). D'Formel 1 kann dës Courssen awer net einfach esou ofsoen. An de Kontrakter mat de weltwäiten TV-Partner garantéiert d'FOM (Formula One Management), dass op d'mannst 22 Coursse pro Saison gefuer ginn. No der Annulatioun vu Bahrain a Saudi-Arabien ass de Kalenner scho vu 24 op 22 Coursse geschmolt. All weider ofgesote Course muss deemno duerch eng aner Course ersat ginn.

Wéi gesäit den F1-Kalenner no der Summerpaus aus?

Hannert de Kulisse gëtt am Moment intensiv un engem Noutfallplang geschafft, fir trotz allem op d'mannst 22 Courssen ze fueren.

Den F1-CEO Stefano Domenicali muss 22 Grand-Prixen organiséieren.
Den F1-CEO Stefano Domenicali muss 22 Grand-Prixen organiséieren.
© ALBERTO CRIPPA © FOTO Alberto Crippa

Eng Méiglechkeet wier et, zwee Weekender zu Baku ze fueren. De Grousse Präis vum Aserbaidjan gëtt dëst Joer samschdes, de 26. September gefuer. Zwou Wochen drop steet Singapur um Programm. De Weekend dotëscht, also dee vum 4. Oktober, wier nach fräi. Et kéint also zu engem Tripleheader Baku-Baku-Singapur kommen. Well Baku awer relativ no un der Kriseregioun läit, ginn et am F1-Paddock Zweiwel, op dat wierklech dee beschte Plang ass.

Istanbul als méiglechen Ersatzkandidat Ufank Oktober ass wuel keen Thema méi, well de Circuit net prett ass a well et aktuell keng kontraktuell Relatiounen tëschent Circuit an FOM ginn.

Eng weider Optioun wier en duebele Weekend zu Las Vegas. D'Course an der Casino-Metropol ass Lokalzäit samschdes owes, den 21. November (Sonndes moies eiser Zäit) virgesinn. Gutt informéiert Kreesser wëlle wëssen, dass d'F1 aktuell d'Méiglechkeete préift, einfach sonndes owes (Méindes moies bei eis) eng zweet Course drunzehänken. Da géifen um selwechte Weekend zwou Coursse gefuer ginn. Dofir brauchen déi Responsabel awer d'Autorisatioun vun de Stadautoritéite vu Las Vegas. D'Begeeschterung vun den Awunner a vun de lokale Geschäftsleit schéngt sech awer a Grenzen ze halen. Ee weidere Bemol: déi leschte Course vun der Saison, an eventuell d'WM-Decisioun, wieren eiser Zäit an der Nuecht vun e Sonndeg op e Méindeg, also wann déi meescht europäesch Fans nach am Bett leien.

Eng weider Alternativ wieren zwee Weekender hannerteneen zu Portimao. Nodeems de Circuit an der Algarve scho wärend der Corona-Pandemie ausgehollef huet, steet Portimao fir 2027 an 2028 erëm am F1-Kalenner. Et ginn also gutt Kontakter tëschent dem Circuit an der FOM, an d'Streck läit esouwäit südlech, dass d'Wiederkonditiounen och Enn November, Ufank Dezember gutt genuch misste sinn. Portimao war och schonn am Gespréich, fir am Fréijoer als Ersatz fir Bahrain/Saudi-Arabien anzesprangen. Deemools huet d'F1 awer wuel verlaangt, dass de lokalen Organisateur de finanzielle Risiko misst droen, wourop d'Portugisen awer wéinst der kuerzer Virlafszäit net vill Loscht haten. Well d'Formel 1 elo awer riskéiert, ënnert de garantéierte Minimum vun 22 Courssen ze falen, giff Portimao elo an där Fro um längeren Hiewel sëtzen.

Am Paddock vu Budapest gëtt elo awer och gemunkelt, dass d'Formel 1 esouguer ee kuerzfristege Comeback a Malaysia feiere kéint. De Circuit vu Sepang, dee scho vun 1999 bis 2017 Deel vum F1-Kalenner war, ass scho méi laang un engem neie Grand-Prix interesséiert, mee konnt déi finanziell Fuerderunge vun der FOM bis ewell net erfëllen. Grad ewéi Portimao kéint den Zäitdrock awer dofir suergen, dass Organisateur an F1 sech trotzdeem eens ginn. Ob Malaysia d'Formel 1 am Oktober tëschent Baku a Singapur empfänke soll, oder eréischt um Enn vum Joer, ass iwwerdeems nach net gewosst.

Vill Spekulatiounen, näischt Offizielles

Am F1-Paddock gëtt an all Richtung spekuléiert. D'Formel 1 huet sech bis elo nach net offiziell geäussert. Wéi et schéngt, hofft d'FOM, dass sech déi politesch Situatioun um Golf an den nächste Wochen nach entspaant, an dass Katar an Abu Dhabi net annuléiert musse ginn. Virun allem Abu Dhabi, wou traditionell déi leschte Course vun der Saison gefuer soll ginn, ass aus finanzieller Siicht fir d'Formel 1 wéinst den héije Primmen, déi den Organisateur bezilt, an de sëllege kommerziellen Aktivitéiten um Circuit, zimmlech wichteg.

Mee d'Zäit leeft. Virun allem d'Logistiker maachen Drock. D'Formel 1 reest mat vill Material ronderëm d'Welt. Schëffscontainer an Aircargo-Kapazitéite ginn deelweis méintlaang am viraus gebucht, fir dass alles mat Zäiten an zu raisonnabele Käschten op de richtege Plazen ukënnt. Et gëtt domadder gerechent, dass d'F1 spéitstens bei der Rentrée zu Zandvoort, also Enn August, en neie Kalenner presentéiere muss.

F1 2026 Kalenner
D'Logistik ass aktuell déi gréissten Erausfuerderung.
D'Logistik ass aktuell déi gréissten Erausfuerderung.
© FOM John Toscano

Back to Top
CIM LOGO