
Ënnert anerem goufen heibäi zwee Betriber kontrolléiert, bei deene sech erausgestallt huet, dass dës keng Autorisation de commerce haten. Boergeld dat fonnt gouf, ass séchergestallt ginn.
Dobäi komme ronn 50 Kilo u Liewensmëttel, déi ofgelaf waren an hu missen entsuergt ginn. Bei de Kontrolle goufen och zwou Persounen ugetraff, déi net richteg am Betrib ugestallt waren. Déi zoustänneg Autoritéiten hunn déi erfuerderlech Mesuren ageleet, déi Responsabel goufe protokolléiert.
Bei der Kontroll waren am Ganzen 12 Beamte bedeelegt.