Nei Enquête vum StatecAn der Moyenne gi Lëtzebuerger iwwer fënnef Mol d'Joer an d'Vakanz

RTL Lëtzebuerg
Frankräich ass als Destinatioun am beléifsten, virun Däitschland, Portugal, Italien a Spuenien.
© AFP

D'Leit hei am Land fueren nach ëmmer vill a gären an d'Vakanz, an der Moyenne méi wéi fënnef Mol am Joer, dat weisen nei Zuele vum Statec vun enger representativer Enquête, bei där 4.000 Residenten.

Zejoert gouf et en historesch héijen Niveau mat 5,2 Vakanzen am Joer. D'Leit hunn och en historesch héije Chiffer dofir ausginn. An der Moyenne waren et 1.304 Euro pro Rees. Knapp 83% vun de Leit sinn op d'mannst eng Kéier d'lescht Joer fir op d'mannst eng Nuecht verreest. Am Ganze goufen 2,9 Millioune Reesen vu 470.000 Leit gezielt.

Frankräich ass als Destinatioun am beléiftsten, virun Däitschland, Portugal, Italien a Spuenien. Méi wéi d'Hallschent vun de Reese gi mam Auto gemaach, dacks eng Woch laang oder och manner. Am beléiftste si City Trips, also Vakanzen an enger Stad. Knapp een Drëttel fiert un d'Mier an 12% an d'Bierger.

D'Geschäftsreesen, déi sinn am Géigesaz zu de Fräizäitreesen, zréck gaangen. Just nach gutt 16% vun de Leit déi schaffen, waren zejoert berufflech fir op d'mannst eng Nuecht am Ausland.

Back to Top
CIM LOGO