
Den George Russell am Mercedes huet beim Grousse Präis vun Holland zu Zandvoort de Sprint gewonnen an huet e perfekte Start aus der Summerpaus geroden. De Britt huet sech e Samschdeg an der Mëttegstonn virum Charles Leclerc am Ferrari an dem Lando Norris am McLaren behaapt. De WM-Leader Kimi Antonelli am zweete Mercedes ass op déi véiert Plaz gefuer.
Um Depart huet den George Russell seng Leaderpositioun verdeedegt. Hannert him konnten och de Lando Norris an de Charles Leclerc hir Positiounen halen. Op de Plaze 4 a 5 koum et zu engem Changement. Dem Kimi Antonelli ass et gelongen, fir den Oscar Piastri ze iwwerhuelen.
Un der Spëtzt huet de Russell déi 24 Ronnen iwwer eng souverän Leeschtung gewisen an huet seng Avance bis zum Schluss gutt geréiert, fir de Sprint um Enn ze gewannen. Méi enk war et tëscht Norris, Leclerc an Antonelli ëm déi zwou weider Podiumsplazen. Déi dräi Pilote ware ganz no beieneen. An der 18. vun de 24 Ronnen ass et dem Leclerc op deem enke Circuit vu Zandvoort gelongen, fir den Norris ze iwwerhuelen. Um Enn ass et fir hien déi zweete Plaz. Den Norris konnt déi drëtt Plaz knapp géintiwwer dem Antonelli verdeedegen.
E Samschdeg am Nomëtteg gëtt de Qualifying fir de Grousse Präis vun Holland gefuer. Och dee kënnt Dir live op RTL ZWEE an RTL Play kucken.