Lëtzebuerger Futtballer am AuslandDäitlech Defaite fir Beveren mam Laurent Jans

RTL Lëtzebuerg
A Frankräich gouf et fir de Luc Holtz an den Hamza Kadamani mat Metz een 1:1 géint Laval.
De Laurent Jans als Kapitän vu Beveren.
© KRISTOF VAN ACCOM BELGA MAG BELGA VIA AFP

An der zweeter franséischer Liga gouf et e Samschdeg um 3. Spilldag een 1:1 fir Metz géint Laval. No engem 0:1-Réckstand konnt d'Ekipp vum Luc Holtz eng Véierelsstonn viru Schluss duerch de Fall egaliséieren. De 16 Joer jonken Hamza Kadamani ass bei Metz an der 86. Minutt agewiesselt ginn. Metz steet domat bei 5 Punkten no 3 Matcher an ass weider ongeschloen.

An der Bundesliga bei den Dammen hat et an der Partie tëscht Nürnberg a Wolfsburg an der Paus no enger Iwwerraschung ausgesinn. 2:0 louch d'Ekipp vum Laura Miller géint de Favorit a Féierung, ma no enger rouder Kaart an der 51. Minutt sinn d'Nürnbergerinnen iwwerrullt ginn a misste sech um Enn 8:2 geschloe ginn. D'Kapitänin vun der Lëtzebuerger Nationalekipp stoung an der Startformatioun a gouf 5 Minutte viru Schluss ausgewiesselt.

An der ieweschter Divisioun an der Belsch gouf et eng däitlech Defaite fir Beveren mam Laurent Jans. No enger Victoire an enger Néierlag fir den Optakt vun der Saison huet ee sech um 3. Spilldag mussen 0:4 zu Waregem geschloe ginn. De Laurent Jans huet seng Ekipp als Kapitän op den Terrain gefouert an huet de ganze Match duerchgespillt.

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Pro League

Freideg

An der héchster georgescher Liga war den Dirk Carlson mat sengem Dinamo Batumi e Freideg auswäerts bei Meshakhte Tkibuli gefuerdert. De Lëtzebuerger Defenseur stoung beim 1:0 fir seng Faarwen, deen de Mara an der 23. Minutt geschoss hat, déi komplett Spillzäit iwwer um Terrain.

Am DFB-Pokal waren dann direkt zwee Lëtzebuerger mat hire Veräiner am Asaz.

Eng Kéier de Vincent Thill, dee mat Mannheim doheem géint Kaiserslautern gespillt huet. Och wa Mannheim eng Klass ënner Kaiserslautern spillt, huet sech den Drëttligist net verstoppt. An der 67. Minutt gouf de Lëtzebuerger agewiesselt an huet de blesséierten Thalhammer ersat. No 90 Minutte stoung et nach ëmmer 0:0, wat de Fans net gefall huet. Nodeem aus dem Block vu Kaiserslautern Piro op d'Haapttribün geflunn ass, hunn d'Fans vu Mannheim den Terrain gestiermt. D'Police huet missten agräifen, ass mat Matraquen a Pefferspray géint d'Fans virgaangen, an de Match gouf dowéinst fir eng länger Zäit ënnerbrach. Nodeem sech d'Situatioun berouegt huet, ass d'Verlängerung ugaangen. Och hei huet et laang dono ausgesinn, wéi wann dës hëtzeg Partie géif am Eelefmeterschéissen decidéiert ginn. An der leschter Minutt vun der Verlängerung awer huet de Kanaté déi Rout Däiwelen a Féierung bruecht, dat no engem Konter an engem Doppelpass mam Murphy. Et sollt dann och beim 1:0 fir d'Gäscht aus Kaiserslautern bleiwen.

Fir de Florian Bohnert mat Hansa Rostock, déi bei Mannheim an der 3. Liga an Däitschland spillen, goung et ëmmerhi géint de Finalist vun der leschter Saison vum DFB-Pokal. Stuttgart war an den héijen Norde gereest, fir de Spëtzematch um Freideg ze spillen. Déi éischt Hallschent huet de Gäscht gehéiert a Stuttgart konnt duerch zwee Goler vum Pejcinovic an der 18. an an der 37. Minutt a Féierung goen. Tëscht béide Goler hat de Florian Bohnert wéinst engem taktesche Foul eng giel Kaart gewise kritt. No 68 Minutte war du Schluss fir de Lëtzebuerger an de Karada koum fir hien eran. Sechs Minutte méi spéit huet den Tiago Tomas den 3:0 fir d'Gäscht geschoss. An der 82. Minutt huet de Pefcinovic mat sengem drëtte perséinleche Gol fir de Schlussstand vu 4:0 fir Stuttgart gesuergt.

Dann huet an der héchster belscher Liga nach RAAL La Louvière zu Léck gespillt. U sech ass de Lëtzebuerger Nationalgolkipp Tiago Pereira Cardoso vu Mönchengladbach u RAAL ausgeléint, de Lëtzebuerger steet awer aktuell net am Kader vu senger Ekipp, well dës hiren aktuellen éischte Golkipp Marcos Peano nach net verkaf hunn an op der Bänk e belschen Ersatzkeeper hunn, fir sech esou un d'Auslännerreegel vun der belscher Federatioun ze halen. RAAL huet d'Partie no zwee Goler vum Drammeh 0:2 verluer.

Donneschdeg

Den Optakt vun eise Lëtzebuerger Futtballer am Ausland hat en Donneschdeg den Owend de Leandro Barreiro an der Qualifikatioun fir d'Europa League gemaach. Mat Benfica huet hien zu Lissabon géint Aarhus aus Dänemark gespillt. Schonn no néng Minutte krut de Barreiro eng giel Kaart no engem Foul. Méi positiv war dunn d'Aktioun no 31 Minutten, wéi de Roude Léif am Kader vu Benfica den 2:0 geschoss huet, de Rafa Silva hat no 2 Minutte schonn den 1:0 markéiert. Mam Stand vun 3:1, den Jorgensen hat no 36 Minutte verkierzt éier de Pavlidis an der Nospillzäit vum Punkt op 3:1 gesat hat, ass et an d'Paus gaangen. No 66 Minutte war fir de Leandro Barreiro Schluss, fir hie koum de Rio op den Terrain. De Match ass dann och mat 3:1 ausgaangen. D'nächst Woch ass de Retourmatch.

Back to Top
CIM LOGO