Lëtzebuerger Futtballer am AuslandDrëtte Remis noenee fir de Luc Holtz mat Metz

RTL Lëtzebuerg
An der Ligue 2 a Frankräich huet de fréiere Lëtzebuerger Nationaltrainer mat senger Ekipp zu Annecy 1:1 gespillt.
De Luc Holtz bei der Presentatioun als neien Trainer vum FC Metz
© RTL

An der Ligue 2 a Frankräich gouf et fir den FC Metz mam Lëtzebuerger Trainer Luc Holtz deen drëtte Remis noeneen. E Samschdeg de Mëtteg huet ee sech auswäerts géint Annecy duerch en 1:1 d'Punkte gedeelt. De Savanier hat Metz an der 24. Minutt mat 1:0 a Féierung bruecht. Nëmmen néng Minutte méi spéit hat de Young fir d'Lokalekipp ausgeglach. Duerno ass kee Gol méi gefall. Bei Metz souz de Lëtzebuerger Hamza Kadamani de ganze Match op der Bänk. No véier Spilldeeg huet Metz 4 Punkten um Kont.

E Remis gouf et och an der 3. Liga an Däitschland tëscht Wehen an RW Essen. No 90 Minutte stoung et 0:0. Bei Essen souz den Aiman Dardari de komplette Match op der Bänk. Essen huet déi éischt dräi Spilldeeg jeeweils ee Match gewonnen, ee verluer an ee gläichgespillt.

Freideg

SK Beveren mam Laurent Jans huet e Freideg den Owend fir de Kont vum 4. Spilldag an der héchster Divisioun am belsche Championnat eng héich Néierlag kasséiert. Zu Genk huet ee sech misse mat 0:4 geschloe ginn. De Kapitän vun der Lëtzebuerger Futtball-Nationalekipp stoung de ganze Match um Terrain. Fir den Opsteiger Beveren gouf et dës Saison bis ewell dräi Néierlagen an eng Victoire.

An der 3. Liga an Däitschland huet de Miguel Goncalves mat Düsseldorf 1:0 géint déi zweet Ekipp vu Stuttgart gewonnen. De Lëtzebuerger souz de ganze Match op der Bänk.

Back to Top
CIM LOGO