Eng kuerz Shopping-Tour op Arel oder Messancy kéint an Zukunft méi deier ginn. D'Belsch plangt eng digital Vignette fir Autoen a liicht Gefierer, déi op hirem Haaptstroossennetz ënnerwee sinn. D’Joresvignette soll tëscht 90 an 125 Euro kaschten. De Projet ass awer nach net definitiv. Fir d’éischt muss en nach duerch d'Parlamenter vun den dräi Regiounen an och d'Vereenbarkeet mam EU-Recht ass nach net definitiv gekläert.
An der Grand-Rue zu Arel gehéieren Autoe mat lëtzebuergescher Plackennummer zum gewinnte Bild. Fir vill Geschäfter spillt d'Clientèle aus dem Nopeschland eng wichteg Roll.
De Bijoutier Olivier Meunier, Vizepresident vun der Association Commerciale d'Arlon, gesäit eng Vignette dowéinst skeptesch. "Une nouvelle taxe est toujours mauvaise à prendre, parce que c'est toujours un frein pour les gens qui voudraient venir", ënnersträicht hien. Gläichzäiteg relativéiert hien d'Diskussioun. Et wier nach näischt definitiv decidéiert, well nach verschidde Gesetzer misste gestëmmt ginn.
Fir hie geet et awer och ëm de Prinzip: "Depuis des années, on fait tout pour que l'espace européen soit facile d'accès, qu'on puisse traverser les frontières facilement. Et là, c'est comme si on remettait une petite frontière entre les différents pays."
Hien hofft dofir, datt de Projet nach gekippt gëtt – esou wéi den däitsche Maut-Modell, deen 2019 vum Europäesche Geriichtshaff gestoppt gi war.
Knapp zéng Kilometer méi wäit, am Designer Outlet Luxembourg zu Messancy, ass een nach net ze vill beonrouegt. Fir d'Center-Managerin Amélie Resibois ass et nach ze fréi, fir Conclusiounen ze zéien. "Je trouve ça normal et ça ne pose pas de problème. L'inquiétude que nous avons, c'est que nous sommes vraiment dans une région transfrontalière", ënnersträicht si. Besonnesch fir eng Regioun, déi staark vu Clienten aus Lëtzebuerg, Frankräich an der Belsch lieft, missten nach vill Detailer gekläert ginn.
Sollt d'Vignette tatsächlech kommen, géif den Outlet seng Marketingstrategie upassen, fir attraktiv ze bleiwen. Am Moment wier awer nach kee Grond fir Panik. "À ce stade, personne n'est trop inquiet, puisqu'on attend vraiment la mise en place effective du dispositif et les conditions", betount d’Amélie Resibois.
Méi Suerge maache sech verschidde Mataarbechter an de Geschäfter. Si fäerten, datt d'Vignette Clienten dovun ofhale kéint, spontan iwwer d'Grenz akafen ze kommen. "Cette vignette a quand même un coût, et les gens n'ont pas forcément le budget pour ça", fäert ee vun de Verkeefer. En anere Mataarbechter mengt, verschidde Leit kéinten da léiwer zu Lëtzebuerg oder a Frankräich akafe goen, amplaz op Messancy ze kommen. Eng aner méiglech Konsequenz gesäit eng vun de Verkeeferinnen dann am Verkéier. Grenzgänger, déi d'Regioun kennen, kéinten op kleng Niewestroossen auswäichen, wat fir méi Verkéier an den Dierfer kéint suergen.
Op där anerer Säit si verschidde Mataarbechter dann och selwer direkt betraff. Si wunnen a Frankräich a fueren all Dag iwwer d'Grenz op d'Aarbecht an d'Belsch. Fir si kéint eng Vignette also och eng zousätzlech finanziell Belaaschtung ginn.