Mat enger mobiller Wo gouf de Camion gewien. D'Resultat: D'Gefier hat ronn 2,6 Tonnen ze vill gelueden. Fir de Chauffer huet dat Konsequenzen.
Dobäi ass et awer net bliwwen. Bei der Kontroll gouf och e staark beschiedegte Pneu entdeckt, bei deem schonn den Drot ze gesi war. De Pneu huet misse gewiesselt ginn, éier de Camion weiderfuere konnt. Och d'Laascht huet nach missen zousätzlech geséchert ginn.
D'Fuerzäite vum Chauffer waren dogéint an der Rei.
De Chauffer muss eng Geldstrof bezuelen a verléiert insgesamt 4 Punkten op sengem fiktive Lëtzebuerger Punkteführerschäin.