Futtball BundesligaOpsteiger Elversberg iwwerrascht Leverkusen, Leipzig klappt Gladbach an Dortmund den HSV

RTL Lëtzebuerg
De Weekend ass den 1. Spilldag an der éischter Bundesliga an Däitschland.
David Ngabi Mokwa feiert Gol fir Elversberg
© HARALD TITTEL/dpa Picture-Alliance via AFP

Fir déi éischt Iwwerraschung um 1. Spilldag an der Bundesliga huet den Opsteiger Elversberg gesuergt. De Veräin heivir aus dem Saarland huet den däitsche Champion vun 2024 Leverkusen mat 3:2 geklappt. Den Underdog ass mat Cent à l'heure an d'Partie gestart a louch schonn no 10 Minutte mat 2:0 a Féierung. An der 8. Minutt hat de Petkov fir den éischte Bundesligagol fir Elversberg gesuergt. Sekonnen drop hat de Campbell erhéicht. Leverkusen konnt sech am Verlaf vun der éischter Hallschent steigeren, ma konnt sech awer ze wéineg kloer Golchancen erausspillen. Och no der Paus ass Elversberg perfekt gestart. Sekonnen nom Upëff huet et eng weider Kéier am Gol vun der Wierkseelef gerabbelt. De Mokwa huet an der 46. Minutt den 3:0 markéiert. An der Schlussphas huet Leverkusen nach emol den Drock erhéicht. An der 77. Minutt ass dem Schick den 1:3 gelongen an an der Nospillzäit huet de Kofane nach op 2:3 verkierzt. Fir méi sollt et awer net méi duergoen. Domadder gewënnt Elversberg direkt um éischte Spilldag den éischte Match an der Bundesliga.

Borussia Dortmund ass mat engem 2:0-Heemsuccès géint den Hamburger SV an déi nei Bundesliga-Saison gestart. De BVB war besonnesch an der éischter Hallschent däitlech iwwerleeën a koum duerch de Guirassy (9.) an de Konstantelias (45.+1) zu senge béide Goler. Nom Säitewiessel huet den HSV sech verbessert, konnt seng Chancen awer net notzen. Dortmund huet d'Partie trotz enger rouder Kaart fir den Inacio an der Schlussphas iwwer d'Zäit bruecht. Op Säite vum BVB gëtt et awer och éischt Suergen. De Konstantelias ass an der zweeter Hallschent wéinst enger méiglecher Blessur um Knéi ausgewiesselt ginn.

Eng Victoire gouf et och fir Köln. Den FC huet no engem 0:1-Réckstand an der Paus an den zweete 45 Minutten en anert Gesiicht gewisen, konnt zweemol Ausgläichen duerch Goler vun El Mala an Dallinga an huet duerch e weidere Gol vum Dallinga um Enn mat 3:2 géint Hoffenheim gewonnen.

E kloren 3:0 gouf et fir Leipzig géint Gladbach. Leipzig war iwwer de komplette Match déi besser Ekipp an huet déi Gladbacher duerch e séiert Ëmschaltspill ëmmer nees kal erwëscht. D'Goler hunn de Baki an der 26. Minutt, den Nusa an der 49. Minutt an de Reitz an der 66. Minutt geschoss.

Donieft hunn e Samschdeg am Nomëtteg nach Union Berlin a Frankfurt mat engem 3:3 d'Punkte gedeelt. De Berliner ass eréischt an der zweeter Minutt vun der Nospillzäit duerch de Skarke den Ausgläich gelongen. Mainz a Paderborn hu sech mat engem 0:0 getrennt.

E Freideg den Owend schonn hat Bayern München Stuttgart beim 5:1 keng Chance gelooss.

De Weekend sinn och nees eng Partie Lëtzebuerger mat hire Veräiner uechter Europa am Asaz. An der Ligue 2 a Frankräich huet de Luc Holtz iwwerdeems mat Metz 1:1 bei Annecy gläich gespillt.

D'Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.

Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.

D'Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO