Kënnt vun der U23 vu Benfica1. FC Köln verflicht 18 Joer alen Ex-Diddelenger Gil Neves

RTL Lëtzebuerg
Wéi Sky Sport mellt, soll sech de Bundesligist d'Déngschter vum zu Lëtzebuerg gebuerene portugiseschen U17-Europameeschter geséchert hunn.
© AFP Archivbild

Den 18 Joer ale Gil Neves hat bis ewell fir d'U23 vu Benfica Lissabon gespillt. Och elo soll et fir hien als éischt emol an d'U23 vum FC Köln goen, hie soll awer och mat der éischter Ekipp mattrainéieren a sech esou och fir dës recommandéieren. Hie kritt e Kontrakt bis 2029.

D'Transferzomm soll Sky no "just" am sechsstellege Beräich leien, Benfica géif awer bei engem Weiderverkaf vum Neves un de Recettë bedeelegt ginn.

De Gil Neves huet seng Ausbildung als Futtballer an der Monnerecher Futtballsschoul gemaach, hei am Land huet hie fir den FC Syra Menster an den F91 Diddeleng gespillt. Lescht Joer hat hien d'Decisioun getraff, net fir d'Lëtzebuerger, ma fir déi portugisesch Nationalekipp ze spillen. Lescht Joer gouf hie mat hirer U17 dann och Europameeschter.

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO