Sebastian Ziekman am PortraitJunior-Europameeschter am Triathlon ze ginn, "war wierklech extreem speziell"

Charel Meyers
De leschte Freideg gouf de Sebastian Ziekman Junior-Europameeschter am Triathlon. Mir hunn de jonke Sportler gefrot, wéi hie seng Victoire erlieft huet a wéi et elo weider geet.
Junior-Europameeschter am Triathlon ze ginn, "war wierklech extreem speziell"
De leschte Freideg gouf de Sebastian Ziekman Junior-Europameeschter am Triathlon. Mir hunn de jonke Sportler gefrot, wéi hie seng Victoire erlieft huet.

Um Site vum Nationale Sportsinstitut trainéieren zënter sëllege Jore vill Athleeten op hir perséinlech Ziler duer. Ee vun deene Sportler ass den 18 Joer ale Sebastian Ziekman. Gebierteg vu Mamer konnt den Triathleet, deen an de Sportslycée an d'Schoul geet, de leschte Freideg den Europameeschtertitel am Triathlon gewannen.

"Ech wollt natierlech bei den éischte rauskommen an dann direkt den éischte Pack integréieren. An ech wousst, wann ech mam éischte Pack wëll erofkommen, dann hunn ech gutt Chancë fir de Podium. An ech hu laang dru gegleeft, och schonn d'Woche virdrun, mee elo ze gewannen war wierklech extreem speziell."

Den Europameeschtertitel konnt de jonke Lëtzebuerger sech zu Elblag a Polen siche goen. Hien hat sech mat néng Sekonnen Avance virum Britt Gorrill an dem Éisträicher Kaindl duerchgesat. Op dëse besonnesche Rendez-vous hat de Sebastian Ziekman sech extra gutt virbereet.

"Den Training kombinéieren ech haut mat der Schoul natierlech. Ech kann hei dank dem Sportlycée moies dräi Mol d'Woch trainéieren. Dat heescht virun der Schoul kann ech schwammen. An no der Schoul hu mir ëmmer direkt Laf- a Vëlotraining, heiansdo béid. Et war alles wierklech gutt gelaf. Also mam Training, ech géif gäre mengem Coach danken, fir déi ganz Aarbecht. Awer och de Sportlycée, fir mir d'Méiglechkeet ze ginn, ëmmer weider moies a mëttes ze trainéieren. A fir meng Elteren, déi mir am Alldag moies, mëttes owes, ëmmer hëllefen."

De Wee an den Triathlonsport hat dee jonke Sportler zimmlech fréi fonnt.

"Ech si bei den Triathlon komm, nodeems ech mam Futtball opgehal hunn, mat zwielef. Ech gouf direkt an den FL Tri erageholl no puer Méint an, jo, dat war halt den Ufank, wou ech direkt mam Sport verléift gi sinn."

Elo steet fir de Sebastien Ziekman e bësse Paus um Programm, ier et fir hie mat der Nationalekipp fir dräi Wochen an deen Héichten-Trainingslager geet an een do déi nächsten Ziler preparéiert.

Back to Top
CIM LOGO