Tour de France Femmes: 1. EtappLorena Wiebes wënnt Optakt zu Lausanne

RTL Lëtzebuerg
Mam Start an der Schwäiz ass déi fënneft Editioun vum Tour de France Femmes lancéiert. D'Wiebes huet d'Le Court Pienaar an d'Vollering am Sprint hannert sech gelooss.
© NICOLAS TUCAT/AFP

De Start vum fënneften Tour de France Femmes goung iwwer relativ flaach 138 Kilometer tëscht dem Lac Léman an dem Lac de Neuchâtel vu Lausanne iwwer Yverdon zeréck op Lausanne. Bei Temperaturen ëm déi 30 Grad waren um Schwäizer Nationalfeierdag dräi Colle vun der drëtter Kategorie ze iwwerwannen. Virun der Arrivée goung et nach eng Kéier 500 Meter eng Montée vu 4,6 Prozent erop.

Op der Arrivée koum et zu engem Sprint tëscht 10 Coureurinnen, an deem sech d'Lorena Wiebes virun der Kim Le Court Pienaar an der Demi Vollering duerchsetze konnt. D'Hollännerin Wiebes huet sech domat souwuel de Maillot Jaune wéi den Trikot vun der beschter Sprinterin geséchert. D'Océane Mahé dierf sech no der éischter Etapp iwwer de Biergtrikot freeën. D'Gewënnerin vun der Editioun 2025, d'Franséisin Pauline Ferrand-Prévot huet sech als 8. klasséiert.

Ënnert den 147 Fuererinnen ass och d'Nina Berton als eenzeg Lëtzebuergerin. Si koum um éischten Dag mat engem Retard vun 2 Minutten a 44 Sekonnen op déi 82. Plaz. Mat dobäi ass och d'Urska Zigart, d'Verloobt vum fënneffachen Tour-de-France-Gewënner Tadej Pogacar, an dat trotz enger schwéierer Chute beim Tour de Suisse, wou si sech am Juni de Kifer gebrach hat. Et ass déi éischt Participatioun um Tour de France Femmes zënter 2022 fir déi 29 Joer al Sloweenin. Si wäert hir Kapitänin Kim Le Court Pienaar ënnerstëtzen.

Insgesamt koum et op der éischter Etapp zu enger Abberzuel u Chutten, wou och bekannt Nimm wéi d'Zoe Backstedt, d'Puck Pieterse oder d'Marlen Reusser dra verwéckelt waren. D'Reusser war 20 Kilometer virun der Arrivée gefall, dat hat awer keng gréisser Auswierkunge fir d'Schwäizerin. Si koum als 10. zu Lausanne un.

D'Pauline Ferrand-Prévot hat d'Editioun 2025 duerch hir Victoiren op de leschten zwou Etappe gewonnen. Zu de Favorittinne gehéieren och d'Gewënnerinne vun den zwou viregten Editiounen: d'Hollännerin Demi Vollering, déi d'lescht Joer op déi zweet Plaz koum, an d'Katarzyna Niewiadoma-Phinney aus Polen, d'Gewënnerin vun 2024.

E Sonndeg geet déi zweet Etapp iwwer 148 Kilometer vun Aigle op Genève. Insgesamt si bis den 9. August néng Etappen ze fueren. D'Arrivée ass dëst Joer zu Nice op der Côte d'Azur.

Klassement vun der Etapp

1 Lorena Wiebes 3:29:11
2 Kim Le Court Pienaar ''
3 Demi Vollering ''
4 Puck Pieterse ''
5 Noemi Rüegg ''
6 Elisa Longo Borghini ''
7 Katarzyna Niewiadoma-Phinney ''
8 Pauline Ferrand-Prévot ''
9 Cedrine Kerbaol ''
10 Marlen Reusser ''
...
82 Nina Berton

Generalklassement

1 Lorena Wiebes 3:29:11
2 Kim Le Court Pienaar 0:04
3 Demi Vollering 0:06
4 Puck Pieterse 0:10
5 Noemi Ruegg 0:10
...
83 Nina Berton 2:54

Back to Top
CIM LOGO