
Nodeems d'Pläng vum Futtballweltverband FIFA, fir Parte vu Weltmeeschterschaften u Privat-Investisseuren ze verkafen, fir zolidd Kritik gesuergt hunn, huet de FIFA-President Gianni Infantino elo annoncéiert, dës Pläng zréckzezéien.
Wéi et an der Erklärung aus der Nuecht op e Samschdeg heescht, géif dës Propos net méi envisagéiert ginn. Se hätt zu enger Spléckung gefouert, déi net am Interessi vun de Verbänn wier, esou nach den Infantino.
"Eist Zil war et schonn ëmmer - a wäert et och ëmmer bleiwen -, de Sport ze vereenegen an ze verbesseren", esou de Fifa-President Gianni Infantino. "Dowéinst gëtt dëse Virschlag net weider suivéiert."
De Projet wier als Mëttel fir d'Stäerkung vun de Memberverbänn geduecht gewiescht, huet de Fifa-Chef nach erkläert. Et wier deemno just ëmgesat ginn, wann eng Majoritéit zustanekomm wier.
"Nodeems ech mir all d'Standpunkten opmierksam ugelauschtert hunn, ass däitlech ginn, datt de Projet zu enger Spléckung gefouert huet", esou den Infantino. Déi léich "onofhängeg vum Ëmfang vun der Ënnerstëtzung net méi am Interessi vun dem ursprénglechen Zil."
Schonn en Donneschdeg hat sech den Europäesche Verband UEFA unanime géint dës Propos gestallt an eventuell Boykotten annoncéiert. Fir de Plang ëmzesetzen hätt et an der FIFA eng einfach Majoritéit gebraucht, ma déi war an de leschten Deeg ëmmer méi dënn ginn, nodeems och déi asiatesch Federatioune sech géint d'Pläng gestallt haten.