Dem Bob Jungels säi Stär op der internationaler Vëlos-Bün ass 2010 opgaangen. Op der Juniors-Welmeeschterschaft zu Offida an Italien huet hien am Zäitfueren d'Goldmedail gewonnen. Ee Joer méi spéit konnt sech deen deemools 19 Joer jonke Coureur d’Schlussvictoire vun der Flèche du Sud sécheren. Dat géint Géigner wéi ënner anerem dem Simon Yates.
No sengem Wiessel op den héije professionellen Niveau am Cyclissem huet de Bob Jungels am Giro d’Italia fir Schlagzeilen gesuergt. 2016 hat hien 3 Deeg de rosa Maillot als Leader am General. Um Enn gouf hie mam Tricot vum beschte Jonke belount. E Joer méi spéit hat den Dippecher 5 Deeg de Maglia Rosa. Erausgestach ass d’Etappevictoire um 15. Dag vum Tour duerch Italien. Schlussendlech ass nees de wäisse Maillot als beschte Jonken dobäi erausgesprongen.
2018 huet sech de Bob Jungels beim Ardenne-Klassiker Léck-Baaschtnech-Léck veréiwegt. Nom Marcel Ernzer 1954 an dem Andy Schleck 2009 ass hie bis haut réischt den drëtte Lëtzebuerger, deem dat gelongen ass. Eng extra Belounung war den Titel vum Sportler vum Joer am Dezember.
Och am Tour de France huet de Bob Jungels ëmmer rëm op sech opmierksam gemaach. 6 Mol war hie bei der Grande Boucle mat dobäi. Erausstécht bis haut nach d’Victoire op der 9. Etapp 2022 mat Arrivée zu Chatel les Portes du Soleil. Et ass bis haut déi leschte Lëtzebuerger Etappevictoire am Tour de France. Um Enn dës Joers huet hie sech mam Dylan Pereira den Titel vum Sportler vum Joer gedeelt.
Donieft huet de Bob Jungels och national Titelen an Etappe gewonnen. 6 Mol gouf hie Lëtzebuerger Champion op der Strooss. Donieft och 9 Mol Lëtzebuerger Champion am Zäitfueren. Déi leschte Kéier war dat 2025 de Fall.
Ufank vum leschte Joer koum dem Bob Jungels säi leschte grousse Wiessel bei d’Ekipp, ënner dem deemolegen Numm, Ineos Grenadiers. Mëttlerweil heescht d’Ekipp Netcompany Ineos an ass domadder also dem Bob Jungels seng lescht professionell Statioun am Cyclissem. An engem Mount kritt hie seng 34 Joer a ka sech deemno lo geschwënn op aner Saache wéi de Cyclissem konzentréieren.
Op de soziale Medien huet nieft der Lëtzebuerger Vëlosfederatioun FSCL och den Alex Kirsch dem Bob Jungels fir seng remarkabel Karriär felicitéiert. A sengem Post si Fotoe vu fréier an hautzedaags ze gesinn. "Merci, dass du mech ëmmer ënnerstëtzt a gepusht hues. Ech wäert dech vermessen.", huet den Alex Kirsch a sengem Message geschriwwen. Him no waren de Bob Jungels an hie souwuel Konkurrenten, Co-Equipieren, Klassekomeroden awer virun allem Kolleegen.