Tour duerch TcheschienSchlussvictoire fir den Andrew August, Mats Wenzel beschte Lëtzebuerger

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg ass et fir d'Coureure bei der 4. a leschter Etapp iwwer knapp 160.2 Kilometer vu Kromeriz op Pustevny gaangen.
De Mats Wenzel louch e Sonndeg laang Zäit an der Echappée
© GONGORA NurPhotoNurPhoto via AFP (Archiv)

Déi leschten Etapp gouf um Sonndeg vum Italieener Alessandro Fancellu gewonnen. Mat um Podium stinn den US-Amerikaner Andrew August an de Fransous Nicolas Breuillard. De Bob Jungels fiert als 81 mat iwwer 7 Minutten iwwert d'Linn d'Arrivée. De Mats Wenzel louch 146 Kilometer an enger Echappée. Um Enn verléiert de Lëtzebuerger vun Equipo Kern Pharma vill Zäit a fiert als 92 op iwwer 8 Minutten iwwert de wäisse Stréch.

Den Andre August sollt dann net nëmmen 2. op der leschter Etapp ginn, mee ka sech no 4 Etappen och als Gewënner vum Tour duerch Tschechie feiere loosen. Am General huet de Coureur vun Netcompany Ineos en Avantage vu 7 Sekonnen op den Alexxandro Fancellu a 40 Sekonnen op den Domenico Pozzovivo. 

De Mats Wenzel klasséiert sech am General als beschte Lëtzebuerger mat engem Retard vun 10 Minutten a 50 Sekonnen op der 49. Plaz. Alles an allem war et e gudden Tour vum Mats Wenzel, mat de Plazen 21, 7 an 39 op deenen éischten 3. Etappen.Fir de Bob Jungels ass am General no 4 Etappen d'Plaz 89, mat eppes méi wéi 29 Minutte Réckstand. De Bob Jungels huet sech op de jeeweilegen Etappen op de Plazen 79, 99, 88 an 81 erëm fonnt.

Nächste grousse RDV fir de Mats Wenzel ass d'Vuelta. Fir den 23 Joer ale Lëtzebuerger Coureur ass dat den éischte groussen Tuer, deen hie matfiert. Den Depart vun der Vuelta ass den 22. August zu Monaco.

D'Resultat vun der Etapp

1 Fancellu Alessandro MBH Bank CSB Telecom Fort 3:44:41
2 August Andrew Netcompany INEOS ,,
3 Breuillard Nicolas TotalEnergies ,,
4 Ježek Václav Kasper crypto4me 0:05
5 Turconi Filippo Bardiani CSF 7 Saber ,,
6 Pękala Piotr ATT Investments ,,
7 Bock Max Red Bull - BORA - hansgrohe Rookies ,,
8 Tolio Alex Bardiani CSF 7 Saber ,,
9 Bonneu Kamiel Netcompany INEOS 0:10
10 Svestad-Bårdseng Embret Solution Tech NIPPO Rali ,
...

81 Jungels Bob Netcompany INEOS 7:18
92 Wenzel Mats Equipo Kern Pharma 7:56

De General

1 August Andrew Netcompany INEOS 15:10:37
2 Fancellu Alessandro MBH Bank CSB Telecom Fort 0:07
3 Pozzovivo Domenico Solution Tech NIPPO Rali 0:40
4 Turconi Filippo Bardiani CSF 7 Saber 0:51
5 Breuillard Nicolas TotalEnergies 0:54
6 Ježek Václav Red Bull - BORA - hansgrohe Rookies 0:59
7 Bock Max Kasper crypto4me 1:03
8 Svestad-Bårdseng Embret Netcompany INEOS 1:08
9 Hirt Jan NSN Cycling Team 1:24
10 Tolio Alex Bardiani CSF 7 Saber 1:44
...

49 Wenzel Mats Equipo Kern Pharma 10:50
89 Jungels Bob Netcompany INEOS 29:14

Back to Top
CIM LOGO