
Déi leschten Etapp ka sech de Norweger Cedrik Bakke Christophersen mat 3 Sekonne Virsprong op den Italieener Ludovico Crescioli sécheren. Mat iwwer 4 Minutten fiert de Mathieu Kockelmann op d'Plaz 63.
No senger gudder 8. Plaz op der 1. Etapp an der 11. Plaz op der 2. Etapp huet de Mathieu Kockelmann sech e Samschdeg mat engem Retard vun 2 Minutten a 34 Sekonnen als 48. klasséiert. E Sonndeg sollt dann eng 63. Plaz dobäi kommen. Am General klasséiert sech de Lëtzebuerger vu Lotto Intermarché no 4 Etappen deemno op der 53. Plaz.
Gewonnen huet d'Arctic Race a Norwegen den Thomas Silva Guillermo. De Lëtzebuerger klasséiert sech am General mat 7:04 Réckstand op der 53.Plaz.
1 Christophersen Cedrik Bakke Unibet Rose Rockets 4:03:06
2 Crescioli Ludovico Team Polti VisitMalta 0:03
3 Silva Guillermo Thomas Astana Team ,,
4 Van Eetvelt Lennert Lotto Intermarché ,
5 Pinarello Alessandro NSN Cycling Team ,
...
63 Kockelmann Mathieu Lotto Intermarché 4:13
1 Silva Guillermo Thomas XDS Astana Team 15:34:12
2 Van Eetvelt Lennert Lotto Intermarché 0:14
3 Pinarello Alessandro NSN Cycling Team 0:25
4 Engelhardt Felix Team Jayco AlUla 0:35
5 Berwick Sebastian Caja Rural - Seguros RGA 0:36
...
53 Kockelmann Mathieu Lotto Intermarché 7:04