Nationalen TennisLëtzebuerger Championen heesche Laura Correia a Metti Reiter

RTL Lëtzebuerg
De Weekend sinn am nationalen Tenniszenter zu Esch déi nei Lëtzebuerger Championen am Tennis gesicht ginn.
De Metti Reiter
De Metti Reiter
© FLT

D'Laura Correia an de Metti Reiter hu sech de Weekend bei den nationalen Outdoor-Meeschterschaften um CNT zu Esch d'Championstitelen am Tennis geséchert. 

Bei den Dammen huet sech d'Laura Correia an der Finall mat 6:3 a 6:0 géint d'Shelly Gerber duerchgesat. Bei den Hären huet de Metti Reiter d'Finall mat 6:3 a 6:2 géint de Christophe Tholl gewonnen. 

Déi komplett Resultater vum Championnat sinn um Site vun der Lëtzebuerger Tennisfederatioun ze fannen.

D'Laura Correia
D'Laura Correia
© FLT

Back to Top
CIM LOGO