
Zu Veianen ass den Ament den Indiaca Junior World Cup. Den Indiaca-Veräin vu Bettenduerf organiséiert dësen internationalen Tournoi, bei deem sech international Veräinsekippe matenee moossen. Vu Lëtzebuerg hu sech zwou Ekippe vu Bettenduerf fir dëse
Junior World Cup qualifizéiert. E Mëttwoch an en Donneschdeg stoung fir si d'Qualifikatioun um Programm.
Um Enn konnt sech keng vun den Ekippen aus dem Grand-Duché fir eng Finall e Freideg qualifizéieren. An der Kategorie Youth (11-14 Joer) ass bei den Hären déi 3. Plaz erausgesprongen an och am Mixed huet een déi 3. Plaz erreecht. Fir d'Youth Damme war et déi 4. Plaz. Bei de Junioren (15-18 Joer) gouf et fir d'Hären déi 4. Plaz, fir d'Dammen déi 3. Plaz an am Mixed déi 4. Plaz.
D'Nowuesspiller vum Bettenduerfer Indiaca-Veräin hu wärend den zwee Deeg hiert Bescht ginn a wäertvoll Erfarunge gesammelt.
E Freideg ginn d'Finalle gespillt.