
"Am Rennweg" zu Regensburg ass et en Donneschdeg géint 14:50 Auer am Nomëtteg zu engem Bankiwwerfall komm. Éischten Informatiounen no handelt et sech ëm d'HypoVereinsbank am Weste vun der Stad. D'Filial wier vun den Autoritéiten ëmstallt a wäitraimeg ofgespaart. Och de Sondereinsatzkommando SEK wier am Asaz.
De presuméierten Täter soll sech nach an der Bank ophalen, sou d'Police aus der Oberpfalz op de Soziale Medien. Eng schwéier blesséiert Persoun hätt Bléckkontakt gehat mat Leit, déi am Asaz sinn a wier entretemps mat enger Ambulanz an e Spidol bruecht ginn. Si wier an engem kriteschen Zoustand.
Donieft wiere weider Persounen nach am Gebai vun der Bank, awer warscheinlech net an der Gewalt vum Täter. D'Police schwätzt vun enger "Bedroungslage" a réit, d'Ëmgéigend wäitleefeg z'evitéieren. Iwwert der Stad kreest och en Helikopter vun der Police. Iwwer d'Motiv gëtt et nach keng Informatiounen an och eventuell Fuerderunge wieren nach keng bekannt, sou eng Spriecherin vun der Police.