
Mat engem neien nationale Rekord (24,73 Sekonnen) hat de Rémi Fabiani sech scho fir Halleffinalle iwwer 50m Réck qualifizéiert. Hien hat déi 13. séierst Zäit vun den 72 Schwëmmer, déi un de Start gaange sinn. De Rémi Fabiani stoung an der Startlëscht vun der 1. Halleffinall um 19:00 Auer, déi ass awer mat liichter Verspéidung ugaangen. Déi zweet Finall ass dräi Minutte méi spéit gestart.
A senger eegener Manche ass de Lëtzebuerger Schwëmmer mat enger Zäit vun 24,96 Sekonnen op déi 8. a leschte Plaz komm. Mat senger Zäit war hien dee Lueste vun de 16 Schwëmmer, déi d'Halleffinall erreecht hunn.
Déi zwee éischt Placéiert vun all Finall waren automatesch fir d'Finall qualifizéiert, déi véier aner Plaze goungen un déi beschten Zäite vun deene Schwëmmer, déi net ënner d'Topp 2 an hirem Laf koumen. Domadder hat de Rémi Fabiani schonn direkt no senger Manche keng Chance méi op d'Finall. Déi séierst Zäit a senger Manche koum vum Pavel Samusenko aus Russland, deen no 24,03 Sekonnen ugeschloen huet. An der zweeter Halleffinall war de Russ Kliment Kolesnikov mat 24,14 Sekonnen dee Séiersten.