No Iwwergrëff duerch Escher SupporterFC Atert Biissen äussert sech zu Virfall a gëtt Feeler bei Kommunikatioun zou

Bakir Demic
Nom Virfall tëschent Escher a Biisser Supporter am Kader vun der BGL-Ligue-Partie tëschent der Jeunesse an dem FC Atert Biissen, huet sech de Lëtzebuerger Champion elo an engem Schreiwes zu de Faiten an och de Reprochë säitens der Jeunesse geäussert.
© Fernand Schmitz

No der Partie hätte Biisser Supporter de Stadion op der Grenz wëlle verloossen a wieren dobäi laanscht e Grupp Escher Supporter getrëppelt, vun deene si dunn aggresséiert goufen. Dobäi wier e Biisser Fändel geklaut a verbrannt ginn, e Biisser Supporter gouf iwwerdeems geschloen a blesséiert.

Den FC Atert Biissen betount a sengem Communiqué, datt een net all Jeunesse-Fan beschëllege wéilt, au contraire hätte verschiddener ënnert hinne versicht, d'Situatioun ze berouegen.

De Veräin hat jo schonn e Sonndegowend nom Match an engem Post an de soziale Reseauen iwwer de Virfall bericht. Vun der Jeunesse gouf et dofir Kritik: Et hätt ee sech en direkten Dialog gewënscht amplaz an de soziale Medien iwwer den Incident gewuer ze ginn. Vu Biisser Säit wier een de ganzen Owend net op d'Faiten ugeschwat ginn, dobäi wieren déi Responsabel vun der Jeunesse nach bis ronn 23 Auer op der Plaz gewiescht.

Och op dëse Reproche reagéiert de Lëtzebuerger Champion a gëtt dobäi Feeler zou: Et hätt ee mam Post effektiv ze schnell reagéiert an et wier besser gewiescht, sech Zäit ze huelen, fir iwwer d'Faiten nozedenken an da mat de Concernéierten direkt ze schwätzen. Et wier net d'Zil gewiescht, e Konflikt tëschent béide Veräiner, de Supporter, de Spiller oder de Responsabelen ze schafen. Fir den Dialog géif ee weiderhin disponibel sinn.

D'Schreiwes vum FC Atert Biissen fannt Dir hei

Liest dozou och dësen Artikel:

Back to Top
CIM LOGO