1827 ass de Michel Rodange zu Waldbëlleg op d'Welt komm. Seng Kandheet ass markéiert vun der belscher Revolutioun, eng Period voller politescher Streidereien tëschent der Belsch an Holland. A Lëtzebuerg war mattendran, Hongersnout a vill Leed gouf et fir d'Bevëlkerung. De Michel Rodange war esou eppes wéi en "Nationalbummler" – 12 mol ass hie bannent Lëtzebuerg geplënnert. Net esou selbstverständlech, wann ee bedenkt, datt deemools d'Plënneren immens ëmständlech an deier war an d'Mobilitéit nach reduzéiert. 1845 huet de Michel Rodange eng Ausbildung als Schoulmeeschter gemaach, e Beruff, dee miserabel bezuelt war mat engem Joresgehalt vu 700 Frang (17,50 Euro).
Déi franséisch Regierung, ënnert dem Napoléon III, hat 1867 wëlles Lëtzebuerg ze kafen. Zousätzlech gouf et hei am Land grouss Streidereien ënnert den Industriehären, déi meeschtens och Politiker waren. Fir de Michel Rodange war dat den Ophänkert fir eng satiresch Parodie, bei där e sech um Goethe sengem Reineke Fuchs inspiréiert huet. Am "Renert - de Fuuss am Frack an a Maansgréisst" huet hien déi sozial a politesch Mëssstänn zu Lëtzebuerg schaarf kritiséiert. D'Wierk koum 1872 eraus, mä den Interêt war net grouss. Mol keng 100 Exemplairë si bis zum Rodange sengem Doud véier Joer méi spéit verkaf ginn. Eréischt 25 Joer méi spéit, um Ufank vum 20. Joerhonnert ass de Renert bei engem breede Public bekannt ginn a gouf zum Nationalepos: eng Geschicht.
Vu sengem Schreiwe konnt de Michel Rodange net liewen. Hie koum, nodeems en als Schoulmeeschter opgehalen hat, op verschidde Poste bei Ponts-et-Chaussées an huet spéider beim Ofrappe vun der Festung Lëtzebuerg gehollef. Privat haten de Michel Rodange a seng Fra vill Misär. Vun 10 Kanner, sinn der 6 kuerz no der Gebuert gestuerwen. 1865 ass säi Brudder an der Sauer erdronk, eréischt no zwee Méint ass de Kierper an der Géigend vun Tréier fonnt ginn. An de leschte Jore vu sengem Liewen hat de Michel Rodange och gesondheetlech Problemer a war mam Mo geplot. 1876 ass hie mat 49 Joer a Clausen gestuerwen.
Um Enn vu sengem Liewen hat hien all seng Gedichter gesammelt, opgefrëscht an an engem Manuskript mat 72 Wierker verschafft. Onvergiess bleift de Michel Rodange awer vrun allem wéinst senger Fuussegeschicht.