Déi weltberüümt japanesch Artistin Yayoi Kusama ass am Alter vu 97 Joer gestuerwen. Wéi et heescht, ass si schonn de 14. August zu Tokio verscheet.
D'Kusama war eng vun den zäitgenëssesche Kënschtlerinne mat der gréisster Influenz. Verspigelt Infinity Rooms, grouss Punkten, sougenannt Polka dots op Tableauen a grouss Kürbissen - dofir war si bekannt.
Zu Köln am Museum Ludwig war am Juli nach eng Retrospektiv op der Japanerin hiert Wierk. 450.000 Visiteuren waren dem Musée no do - e Rekord.